Am Fokus vun dëse Revendicatioune steet de Roll vun der Gemeng. Dat souwuel wat d'ekologesch Transitioun ugeet, Integratioun a Logementspräisser, mee virun allem och finanziell Aiden.
Kommunal Aiden sinn net ëmmer bekannt
Leit, déi finanziell schlecht dru sinn, kënnen nämlech nieft staatlechen Hëllefen och vun hirer Gemeng gehollef kréien. Allerdéngs sinn déi kommunal Aiden net ëmmer bekannt. A si wieren och vu Gemeng zu Gemeng zum Deel ganz ënnerschiddlech, seet déi politesch Spriecherin vun der Caritas Carole Reckinger.
Et dierft vu Gemeng zu Gemeng awer keng grouss Ënnerscheeder bei der Héicht vun de finanzielle Sozialhëllefe ginn. Dofir verlaangt d'Caritas eng gewëss Harmonisatioun vun deenen Aiden, awer keng Standardisatioun.
"Mir denken, et ass wichteg, datt eng Harmonisatioun kënnt. Datt et net dovun ofhänkt, wou ee wunnt ob een nach zousätzlech Hëllefe kritt a wéi vill."
Et sollt een awer net standardiséieren, well et och wichteg wier, datt d'Gemengen op Eenzelfäll kéinte reagéieren.
Aarmutsbekämpfung: Et feelt un enger laangfristeger Strategie
D'Gemenge sollten duerchaus e gewëssen Handlungsspillraum behalen, sou d'Carole Reckinger. Déi politesch Spriecherin vun der Caritas huet an deem Kontext drun erënnert, datt haut 20 Prozent vun de Leit hei am Land dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn.
"Mir bedaueren e bëssen, datt do nach ëmmer d'Scheiklappen ugedoe ginn. An esou kuerzfristeg ëmmer gekuckt gëtt: 'Ah jo, et ass elo déi hei Kris, elo hëllefe mir mol déi nächst dräi, véier Méint.' An dobäi ginn et awer och strukturell Ännerungen, déi néideg si fir déi Inegalitéiten an den (Aarmuts-)Risiko ze drécken."
Et géif een sech d'Fro stellen, wat eigentlech d'Laangzäit-Zil wier, seet d'Carole Reckinger. Der Caritas no misst de Prozentsaz u Leit, déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, nees erofgedréckt ginn. Mee aktuell géinf eng laangfristeg Strategie fir d'Aarmutsbekämpfung feelen, seet d'Carole Reckinger.