Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Interpol - Narc

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2022 goufen et 36 Doudeger op eise Stroossen

Verkéierssécherheet

2022 goufen et 36 Doudeger op eise Stroossen

Zejoert goufen et op eise Stroossen 3 déidlech Verkéiersaccidenter mat am ganze 36 Doudegen. Dat si 67 Prozent méi wéi nach dat Joer virdrun. 2021 waren et nach 21 déidlech Accidenter. D'Zuel vun de Schwéierblesséierte louch zejoert bei 267. Zu de presuméierten Haaptursaache gehéiert nach ëmmer d'Vitess, den Alkohol a falsch Manövere géigeniwwer Foussgänger.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Mat dësen Zuele gehéiert d'Joer 2022 zu de schlëmmste Joren wat déi schwéier Accidenter ugeet, sou de Mobilitéitsminister François Bausch virun der Press.

"2022 geet an d'Geschicht an. Also wann ech meng zéng Joer elo kucke wou ech responsabel si fir d'Verkéierssécherheet, dann ass et ee vun de schlechtste Joren."

60 Prozent vun den déidlechen Accidenter geschéien iwwerdeems op de Landstroossen, an nëmme 14 Prozent op den Autobunnen, esou nach de Grénge Mobilitéitsminister. Zu de presuméierten Haaptursaache gehéiert nach ëmmer d'Vitess.

"Et gëtt zwar eng konstant Tendenz no ënnen, wat gutt ass, mee et ass awer nach ëmmer bäi wäitem den Haaptgrond. An d'Efforte fir géint ze héisch Vitess virzegoe wierken, déi musse bäigehale ginn, respektiv souguer nach verstäerkt ginn, an dat maache mir och wou mir kënnen."

De Cannabis als Gefor?

Sief et duerch méi streng Kontrollen oder méi Streckeradaren, de François Bausch huet annoncéiert, nach méi konsequent géint déi ze héisch Vitess virgoen ze wëllen.

Direkt hannert der Vitess ass awer och den Afloss vun Alkohol nach ëmmer eng vun den Haaptursaache bei Verkéiersaccidenter. Duerno komme falsche Manövere géigeniwwer Foussgänger.

Virun allem awer warnt de Mobilitéitsminister viru Cannabis, deen zu Lëtzebuerg legaliséiert soll ginn.

"An ech mengen, datt et och elo wichteg gëtt, wann dat Gesetz bis gestëmmt, a Cannabis depenaliséiert ass, datt da massiv Campagnë gemaach ginn, datt dat een No-Go ass, ënner Afloss Auto ze fueren. An dat bleift och sou. Ech sinn do radikal dogéint eppes ze ännere par rapport zum Auto fueren."

Länner wéi d'Schwäiz oder Schweden hätte scho bewisen, datt duerch méi Kontrollen an der Angscht, eng Strof ze kréien, d'Leit méi op hir Vitess oppassen. Repressioun wier deemno och Preventioun, sou nach de Mobilitéitsminister François Bausch.