Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ILRES-Direkter: Eng weider Dräierkoalitioun no de Walen

Chamberwalen 2023

ILRES-Direkter: Eng weider Dräierkoalitioun no de Walen

Lëtzebuerg wäert och no den nächste Walen nees vun enger Dräierkoalitioun regéiert ginn. Dat steet fir den Tommy Klein vun der ILRES esou gutt wéi ausser Fro. Oppe wier am Fong just, wéi eng dräi Parteien dat kéinte sinn.

auto_stories

2 min

Den Tommy Klein ass Direkter vun ILRES

A senger Analys vun der leschter Sonndesfro huet den Direkter vum wichtegste Lëtzebuerger Meenungsfuerschungs-Institut drop higewisen, datt laut där Ëmfro siwe Sëtz gewiesselt hätten - zugonschte vu Piraten an LSAP virun allem, an op Käschte vun der CSV.

CSV: den Trend ëmdréinen

"Ech mengen net, datt eng CSV - mee dat ass natierlech e bësse Spekulatioun - et packt, fir bei den nächste Wale Sëtzer dobäi ze gewannen", seet den Tommy Klein.

Fir d'CSV géif et virun allem drëms goe fir den Trend, deen d'Sonndesfro an deene leschte véier Joer gewisen hätt, ëmzedréinen. Dofir bräicht d'CSV nei Elementer, sief et Theemen oder Persounen, mengt den Direkter vun ILRES.

Den Tommy Klein ënnersträicht awer, datt Sondagen ëmmer eng Momentopnam vun der aktueller Stëmmungslag sinn, an datt ee se net als Pronostic vum Walausgang verstoen dierft.

"Eng Sonndesfro huet d'Ambitioun, fir d'politesch Stëmmungslag ofzebilden, wéi se aktuell ass. Natierlech kommen dann nei Elementer dobäi: d'Publikatioun vu Lëschten, Campagnen etc., an da wäert och eng politesch Stëmmunslag potentiell wiesselen. An da muss een erëm fuerschen, wéi se wiesselt."

D'Wieler:inne géifen ëmmer méi pragmatesch virgoen an hir Stëmme vill méi spontan verdeelen. De klassesche Stammwieler géif et net méi an där Form ginn, dofir misst e Meenungsfuerschungsinstitut dat an hirer Fuerschung och ophuelen an ëmsetzen, seet den Tommy Klein.