Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltraumaktivitéite sollen 2030 véier Prozent vum PIB ausmaachen

Space-Secteur

Weltraumaktivitéite sollen 2030 véier Prozent vum PIB ausmaachen

D'Regierung an d'Luxembourg Space Agency wëllen, datt d'Gewiicht vum "Space"-Secteur an eiser Wirtschaftsleeschtung sech bis 2030 verduebelt. Aktuell läit dëse Chiffer bei bal zwee Prozent vum Bruttoinlangprodukt. Den LSA-Direkter Mario Grotz erkläert, wéi eng Roll d'Nohaltegkeet an dëser Entwécklung soll spillen.

auto_stories

2 min

De "Space"-Secteur ass haut duebel esou grouss wéi en 2016 war - dat Joer, an deem d'Entwécklung vu Weltraum-Aktivitéiten eng Prioritéit vun der Lëtzebuerger Wirtschaftspolitik ginn ass.

256 Mio. Euro sollen investéiert ginn

Stand elo sinn hei am Land 1.400 Leit an deem Beräich beschäftegt an dat bei 70 verschiddenen Entreprisen oder ëffentleche Fuerschungs-Organismen. D'Zil ass et, dëse Secteur, deen haut nach vun der SES dominéiert gëtt, weider ze developpéieren.

De President vun der Luxembourg Space Agency Mario Grotz, huet de Moien am 100,7-Interview erkläert datt de Secteur aktuell bis u bal zwee Prozent vum PIB erukënnt. Et hätt ee sech zesumme mat der Regierung d'Zil gesat, fir dës Zuel an engem Zäitraum vun zéng Joer ze verduebelen.

Konkret wëll Lëtzebuerg an den nächste fënnef Joer 256 Milliounen Euro a seng Weltraum-Strategie investéieren. Mat deem Geld gi Fuerschungs-Projeten an och kommerziell Aktivitéiten ënnerstëtzt.

Nohaltegkeet soll wichteg Roll spillen

D'Viraussetzung fir esou finanziell Ënnerstëtzunge vu Projeten an Aktivitéiten ass, datt se eng nohalteg Finalitéit hunn.

An deem Kontext erkläert de Mario Grotz, datt Lëtzebuerg sech a senge Weltraum-Aktivitéiten un héich deontologesch Standarden hale wëll. Esou géif ee probéieren, ganz responsabel mam Ekosystem ëmzegoe wou ee soss riskéiert, nees Feeler ze maachen déi ee schonn op der Äerd gemaach huet:

"A mir mussen direkt déi Aspekter vun der Ethik mat integréieren, an och - net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee dat och vehikuléieren a mat anere Länner diskutéieren - fir datt mir eng responsabel Approche hu fir wirtschaftlech Aktivitéiten am Weltraum ze maachen. Eis war dat wichteg fir dat direkt an dëse Plan d'action ze integréieren"

Doriwwer eraus ënnersträicht den LSA-Direkter awer och, datt de Space ee Secteur wier, dee just global funktionéiert. Esou wier et ganz wichteg, datt ee sech mat anere Länner ofschwätzt a Reegelen an alle Beräicher definéiert.