127 vu ronn 3.000 potentielle Beneficiairen, schätzt den Dokter Bernard Thill, de President vun der Organisatioun Médecins du Monde, déi sech freet, datt eng laangjäreg Fuerderung erfëllt ginn ass. Déi dann awer och op e Probleem hiweist, deen nach net geléist ass: Dee vun engem Ënnerdaach fir Leit ouni Doheem, déi e permanente medezinesche Suivi brauchen.
"Mir wëssen - an do gëtt et e Koup Etüden dozou - wann ee keen Daach iwwer dem Kapp huet, dann ass d'Moyenne de vie vun deene Leit, déi op der Strooss liewen, 20 Joer manner an der normaler Bevëlkerung. Dat heescht déi Leit ginn tëscht 50 a 60 Joer al. Dofir ass deen Hebergement fir eis esou wichteg."
De Bernard Thill fuerdert dofir d'Schafe vu Strukturen, wou Leit, déi vulnerabel sinn, ee permanente Suivi kréien.
Zil ass d'Selbsthilfe
D'Organisatioun Médecins du Monde huet als Zil fir Leit an der Prekaritéit eng Bréck zeréck an en normaalt Liewen ze bauen.
"D'Zil dovun ass, dass et Hilfe zur Selbsthilfe ass. Dat heescht mir versichen de Leit e Wee ze weisen, wéi se sech selwer op hir eege Féiss kënne stellen, dass se iergendwéi eens ginn am Alldag, datt se eng Aarbecht fannen, datt mer se beroden, an datt se op eemol keng CUSS méi brauchen a se nees an deen normale System erakommen."