Kultursecteur Den Direkter vum Filmfong wiert sech géint Reprochen

Den Direkter vum Filmfong wiert sech géint d'Reprochen, déi him an der Suite vum Spezialrapport vun der Cour des Comptes gemaach ginn.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Guy Daleiden
De Guy Daleiden ass Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong.

Seng eege Roll géif net där Muechtpositioun entspriechen, als déi se elo duergestallt gëtt, sou de Guy Daleiden am 100,7-Interview. Hien huet och huet och drop higewisen, datt eenzel Kriticke sech op Prozedure bezéien, déi scho geännert gi waren ier de Rechnungshaff mat senger Aarbecht ugefaangen huet. De Filmfong war nämlech schonn eemol auditéiert ginn, vun der Firma Value Associates. An där hir Recommandatioune vun 2018 wieren och ëmgesat ginn.

"D'Cour des Comptes huet d'Joren 2009 bis 2018 analyséiert. Mir sinn elo 2022. Säit 2018 sinn all déi Recommandatioune vu Value ëmgesat ginn."

Déi zousätzlech Recommandatioune wier een amgaangen am Verwaltungsrot ëmzesetzen, sou de Guy Daleiden.

Den Direkter vum Filmfong kéint net verstoen, firwat e System, dee gutt Resultater produzéiert, dee vum Secteur begréisst gëtt, an dee Lëtzebuerg international Unerkennung bréngt op eemol a Fro gestallt gëtt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Guy Daleiden
No Kriticke vum Rechnungshaff

Déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun huet sech de Méindeg Mëtteg mat de Responsabele vum Filmfong ausgetosch. Déi bedeelegt Acteure ware sech eens, datt d'Gesetz vum Filmfong adaptéiert muss ginn.

Guy Daleiden
Filmfong

Am Lëtzebuerger Filmsecteur gëtt nees gedréit, seet den Direkter vum Filmfong. De Guy Daleiden huet erkläert, datt an Zesummenaarbecht mat der Santé e sanitäert Konzept dofir ausgeschafft gouf.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen