Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxDev: Partnerschafte schafen an Entwécklung weiderbréngen

Kooperatioun

LuxDev: Partnerschafte schafen an Entwécklung weiderbréngen

Déi staatlech Kooperatiouns-Agence LuxDev schafft am Optrag vun der Regierung, a realiséiert Projeten an de Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungspolitik. A wéi enge Servicer ass d'Agence aktiv, a wéi wichteg ass d'Visibilitéit vun Europa an hirer Aarbecht?

auto_stories

2 min

LuxDev, d'Lëtzebuerger Kooperatiouns-Agence, realiséiert virun allem Projete vum Lëtzebuerger Ministère fir Entwécklungsaarbecht.

D'Agence schafft awer och heiansdo fir Drëtter, zum Beispill fir d'EU oder aner europäesch Länner, déi hir Projete vu LuxDev a Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun realiséiere loossen. Dat Ganzt géif an engem Geescht vun "Team Europe" geschéien, erkläert de Manuel Tonnar, deen zanter dräi Méint Generaldirekter vu LuxDev ass.

Eng méi durabel Approche

Et géif bei hirer Aarbecht ënner anerem dorëm goen, Europa eng aner Visibilitéit ze ginn, dat zemools op Plaze wou Länner ewéi China oder Russland mat alle Mëttele probéieren, sech ze imposéieren, erkläert de Manuel Tonnar.

An de leschte Joren hätt een ëmmer méi gesinn, datt esou Länner mat Moyene virginn an Projete maachen, déi net ëmmer esou durabel sinn a wou et méi ëm den eegenen Interêt geet, esou de Manuel Tonnar weider. D'Approche vu LuxDev wier do anescht:

"Mir probéieren eng Approche ze hunn, déi méi durabel ass, méi a long terme, méi am Partenariat, wou et manner dorëm geet eng Ofhängegkeet ze schafen: Et geet dorëm, e Partenariat ze schafen an d'Entwécklung virunzebréngen."

Fokus op sozial Basis-Servicer

LuxDev schafft haaptsächlech an de sougenannte soziale Basis-Servicer: Educatioun, Beruffsausbildung a Santé. Och an de Beräicher Digitalisatioun oder innovativ Finanz-Mechanisme wier d'Agence aktiv, erkläert hire Generaldirekter.

De Kampf géint de Klimawandel spillt och eng ëmmer méi wichteg Roll an der Aarbecht vu LuxDev, seet de Manuel Tonnar. Op dem Cap Vert hätt een zum Beispill e Centre d'excellence fir erneierbar Energien opgebaut, wou Leit am Beräich vun der Solarenergie forméiert ginn. Et hätt een och vill Projeten am Beräich vun der durabeler Gestioun vu Bëscher, dat virun allem a Latäinamerika. Do géif een Assistance techique un e "forestry fund" Fong ginn.

An Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère géif LuxDev och mol Mandater kréien, fir fir si Projeten ëmzesetzen. Dat wieren dee Moment keng Kooperatiounsbudgeten, mee Budgeten aus dem Klimafong déi zousäzlech zu der Aide publique au Développement stinn.