Chamber- a Gemengewalen 2023 Frank Engel: "D'Vollek ass Geisel vun der Parteipolitik"

De Spriecher vu Fokus seet, datt d'Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen "widdersënneg" wier. Seng Partei fuerdert, fir d'Walen op deem selwechten Dag ze halen. De Frank Engel huet am Interview och iwwer seng "Sträitschrëft" mam Titel "Wuerfir nach Politik?" geschwat.

Frank Engel

Duerch déi "widdersënneg" Trennung vun de Chamber- a Gemengewalen, géif dem Land ee ganzt Joer verluer goen, kritiséiert de Frank Engel. Fir Kommunalwalen op engem separaten Termin géif et senger Meenung no kee valabelt Argument ginn:

"Hei geet et einfach drëms, sech de Spaass ze maachen, Kandidate kënnen ze testen dräi Méint virun de Walen, ëm déi et de Parteien am Wesentleche wierklech geet."

De Fait, datt béid Walen an dat selwecht Joer falen, wier dem Frank Engel no och kee valabelt Argument fir déi zwee verschidden Datumer.

A wéi ville Gemenge Fokus eng Lëscht wäert opstellen, kéint hien nach net soen. De Frank Engel huet just ze verstoe ginn, datt et der "net onendlech vill" wäerte sinn. Bei de Chamberwale géif seng Partei awer an de véier Bezierker mat komplette Lëschten untrieden.

"Wuerfir nach Politik?"

Ënner dësem Titel huet de Frank Engel virun e puer Deeg e Bichelchen erausbruecht - hie selwer nennt et "eng Sträitschrëft", an där hie seng seng Iwwerleeungen zu enger Rei Theeme presentéiert.

Dorënner sinn och méi fundamental Froen, ewéi déi vun der Roll vun de politesche Parteien hautdesdaags. Seng nei Partei, Fokus, géif do nei Weeër wëlle goen, allerdéngs géif och si sech virun de Chamberwalen e Walprogramm ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Ekipp vu "Fokus"
Lëtzebuerg

Ouni de Fränk Engel, dee stënterlech huet missen hospitaliséiert ginn, ass de Mëtteg déi nei Partei "Fokus" virgestallt ginn, déi de fréieren CSV-President zesumme mat aneren an d'Liewe geruff huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen