Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord salarial: CGFP fuerdert Erhéijung vum Punktewäert

Fonction publique

Accord salarial: CGFP fuerdert Erhéijung vum Punktewäert

An de Verhandlungen iwwer den nächsten Accord salarial wäert d'CGFP eng Erhéijung vum Punktewäert froen. Ëm wéi vill Prozent d'Gehälter am ëffentlechen Déngscht klamme sollen, wollt de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft awer net soen.

auto_stories

2 min

De Katalog mat alle Revendicatioune vun der CGFP, deen iwweregens nach net fäerdeg ass, gëtt och dës Kéier net ëffentlech gemaach, sou de Romain Wolff.

"Mir si raisonnabel a responsabel"

Bei méiglecherweis dräi Indextranchen d'nächst Joer géif schonn eng kleng Fuerderung vun 2,5 Prozent eng Augmentatioun vun de Salairen ëm 10 Prozent bannent engem Joer bedeiten. D'Indextranchë wieren awer nëmmen eng nodréiglech Kompensatioun vum Kafkraaftverloscht, gëtt de Romain Wolff am 100,7-Interview ze bedenken.

"Et ass jo awer net esou wéi wann dat eng reell Augmentatioun vun de Paie géif duerstellen. Dofir muss een awer e bëssen Abstraktioun vum Index maachen. A mir si jo raisonnabel a responsabel, a mir wäerten och wëssen esou Revendicatiounen ze stellen, déi - mengen ech - awer och dobaussen op Verständnes treffen."

Den aktuellen Accord salarial leeft den 31. Dezember aus. D'CGFP hätt dem Minister vun der Fonction publique nach kee Revendicatiounskatalog geschéckt, dee wier nämlech nach guer net finaliséiert, sou de Romain Wolff.

Et gëtt deemno och nach keen Datum fir eng éischt Verhandlungsronn.

Ënnerstëtzung fir de Pascal Ricquier

D'CGFP ënnerstëtzt de President vum Policesyndikat SNPGL a senger Demarche, fir e Prozess ze kréien. De Pascal Ricquier hat vum Parquet en Avertissement zougestallt kritt, well hien 12 Kadere vun der Police soll beleidegt hunn.

Domat sollt u sech eng Verhandlung viru Geriicht iwwerflësseg gemaach ginn. De Pascal Ricquier besteet awer drop, datt d'Affär an eng Sëtzung kënnt: dat hat hien am 100,7-Interview däitlech gemaach.

De CGFP-President Romain Wolff stäipt dem Pascal Ricquier de Réck:

"Jo, absolut! Wann dat dann esou sollt gewiescht sinn, da soll dat dohinner kommen, an da soll do tranchéiert ginn. Mir ginn awer dovun aus, dass et net esou war."

De Romain Wolff wiert sech géint ee "Maulkuerf fir Gewerkschaftler".