Radioen

On air

Concert  |  "Klangrausch"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll geschwënn hëllefen ukrainesch Truppen auszebilden

Arméi

Lëtzebuerg soll geschwënn hëllefen ukrainesch Truppen auszebilden

D'Lëtzebuerger Arméi wier drop agestallt, datt de Krich an der Ukrain "net muer eriwwer ass", esou den Arméischef Steve Thull. Lëtzebuerg wier prett, d'Ukrain weider militäresch ze ënnerstëtzen, wann dat néideg ass.

auto_stories

2 min

De Generol Steve Thull ass de Chef d’Etat-Major vun der Arméi

D'Lëtzebuerger Arméi soll an Zukunft och an d'Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten agebonne ginn, esou de Steve Thull. Dat soll an Zesummenaarbecht mat deenen aneren EU-Länner geschéien:

"Dir hutt matkritt, datt op europäeschem Niveau de Josep Borrell sech dofir staark gemaach huet, datt d'Europäer och am Kader vum Krich an der Ukrain sech op d'Been stelle fir Hëllefsleeschtungen ze maachen. Mir als Member vun der EU ginn natierlech och an dem Kader gefrot, wat alles ka gemaach ginn. An dat si mer am Gaang ze analyséieren."

Weider Detailer wollt de Lëtzebuerger Arméischef nach net nennen, déi géifen d'nächst Woch bekannt ginn.

"Ee rouege Kapp halen"

De Chef vun der Lëtzebuerger Arméi betount, éier een op de Virfall a Polen reagéiert, misst ee fir d'éischt d'Fakte ronderëm déi Rakéitenexplosioun analyséieren. Dat géif am Moment op Niveau vun der NATO gemaach ginn, esou de Generol Steve Thull.

Bei der westlecher Militärallianz géifen et Prozedure fir esou Fäll ginn:

"Selbstverständlech ass dat heiten och eng vun den Eventualitéiten, déi zimmlech kloer war: Datt iergendwann och eng Kéier kéint eng Rakéit oder e Missile op enger aner Plaz kéint landen A wéi gesot, dann ass et ëmmer am allerwichtegsten ze kucken, datt ee ganz genau dat kann anuerdne fir dorausser ze schléissen: wat war déi reell Absicht hannendrun. An dann duerno déi gutt Decisioun ze huelen."