Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Klimaschied: Lëtzebuerg misst 324 Milliounen Euro bezuelen

"loss and damages"

Klimaschied: Lëtzebuerg misst 324 Milliounen Euro bezuelen

324 Milliounen Euro misst Lëtzebuerg am Fong all Joer bezuelen, fir säin Undeel un de globale Klimaschied (de sougenannte "loss and damages") a Länner vum globale Süden ze kompenséieren. Dee Montant rechent d'ONG Action Solidarité Tiers Monde vir. D'Regierung huet selwer nach keng Berechnungen iwwer méiglech Kompensatioune fir Klimaschied virgeluecht.

auto_stories

2 min

Der ONG wier et wichteg gewiescht mol e Montant op d'Responsabilitéit vu Lëtzebuerg ze setzen, seet de Cédric Reichel.

Et kéint ee verschidde Rechnunge maache bei deene verschidde Montante géifen erauskommen. D'ASTM hätt sech net fir eng Maximalfuerderung, mee fir en Duerchschnëttswäert vun 324 Milliounen Euro decidéiert.

"Mee wat sinn 324 Milliounen zu Lëtzebuerg? Dat ass manner wéi mir all Joer duerch Tubaks-Akzisen erakréien. Oder, fir et nach méi populistesch ze soen: et ass fënnef mol den Tankrabatt vun dësem Joer. Also et ass net esou wéi wann déi Zomm zu Lëtzebuerg onvirstellbar wier."

D'Länner verleeën d'Entscheedung ëmmer weider no hannen

D'Regierung hätt iwwerdeems selwer nach keng där Berechnunge gemaach.

"Wat jo awer och wierklech e bëssen d'Absurditéit weist. Dat weist och d'Taktik, och an anere Länner, dat ganzt gëtt praktesch ëmmer weider decaléiert. Mir sinn emol nach net bei den Zuelen".

Aus deem Grond wier d'ASTM op de Wee gaange fir mol Zuelen ze presentéieren fir eng Verhandlungsbasis ze schafen.