Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si sollen eng Geriichtsverhandlung maachen"

Avertissement wéinst presuméierter Beleidegung

"Si sollen eng Geriichtsverhandlung maachen"

De President vun der Police-Gewerkschaft SNPGL krut en Avertissement vum Parquet wéinst presuméierter Beleidegung. De Pascal Ricquier insistéiert drop, datt d'Affär an eng Sëtzung kënnt, an datt do soll iwwer de Fall decidéiert ginn. Hien dementéiert iwwerdeem weiderhin, datt hien d'nächst Joer mat der CSV an d'Wale géif goen.

auto_stories

2 min

De Pascal Ricquier.

Enn August krut de President vun der Police-Gewerkschaft SNPGL en Avertissement vum Parquet wéinst presuméierter Beleidegung vun 12 Police-Kaderen. Hien huet dat net direkt, mee eréischt Mëtt Oktober, op der Generalversammlung vum SNPGL public gemaach.

Léiwer viru Geriicht ewéi Avertissement

Mat deem Avertissement gouf de Pascal Ricquer op d'Plaz gesat wéinst Aussoen, duerch déi eng Rei Kadere vun der Police sech perséinlech ugegraff a beleidegt gefillt haten.

De Pascal Ricquer wëll dësen Avertissement awer net einfach esou hin huelen. Hie gesäit an deem Avertissement en Ugrëff op déi gewerkschaftlech Fräiheet an insistéiert drop, datt d'Affär an eng Sëtzung kënnt:

"Si sollen eng Geriichtsverhandlung maachen, da soll do gekläert ginn, ob do wierklech Beleidegunge gemaach gi sinn oder net gemaach gi sinn."

D'Prozedur vum Avertissement ass u sech geduecht, fir eng Geriichts-Verhandlung ze evitéieren.

"Bis haut sinn ech vu kenger Partei gefrot ginn"

De President vun der Police-Gewerkschaft huet d'Rumeur, hie géif d'nächst Joer mat der CSV an d'Wale goen, op en Neits dementéiert:

"Bis haut sinn ech vu kenger Partei gefrot ginn. Wann ech géif vun enger Partei gefrot ginn, da géif ech mir natierlech Gedanken driwwer maachen. Dat wëll awer net soen, datt ech mat géif goen."

Wann hien an den nächste Méint nach gefrot sollt ginn, esou de Pascal Ricquier, géif hie sech awer ganz gutt iwwerleeën, ob hien d'Offer unhëlt oder net. Wann hie politesch géif aktiv ginn, misst hie seng gewerkschaftlech Aktivitéiten nämlech opginn.