Radioen

On air

Concert  |  Leonard Bernstein an ee Wierk voller Léift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimakonferenz: "D'Wëssenschaftler si sech gréisstendeels eens"

COP27

Klimakonferenz: "D'Wëssenschaftler si sech gréisstendeels eens"

D'Positioune vun de Wëssenschaftler leie virun der Weltklimakonferenz no beieneen. Dat seet den Andrew Ferrone, deen d'Lëtzebuerger Regierung vun e Sonndeg un als Klimafuerscher op der COP an Ägypte wäert vertrieden.

auto_stories

2 min

Hie géif sech dowéinst och keng gréisser Schwieregkeeten erwaarde fir an Ägypten e Konsens tëscht de Wëssenschaftler aus aller Welt ze fannen, esou den Andrew Ferrone.

"De Klimawandel ass haut net méi ze déniéieren. Et ass och ganz kloer, datt e mënschegemaacht ass, an datt mer och mussen eng ganz staark Ambitioun hu fir d'Zäregaser esou schnell ewéi méiglech erof ze setzen."

Dofir wier et op Plazen, op deenen iwwer d'Wëssenschaft diskutéiert gëtt, relativ einfach op e Konsens ze kommen.

Den Andrew Ferrone vertrëtt eng europäesch Positioun

De Lëtzebuerger Meteorolog betount och, hie géif eng europäesch Positioun op der Klimakonferenz vertrieden. D'Conclusioune vun de Ministeren aus den EU-Länner géifen dobäi hëllefen, sou den Andrew Ferrone.

"An dann ass et awer esou, datt op der Klimakonferenz och all Dag eng EU-Koordinatioun stattfënnt, wou dann ebe gekuckt gëtt, jee nodeem wéi d'Negociatioune weider ginn, ob mer déi Positioun, déi mer elo hunn, mussen adaptéieren."