Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Holy Forest

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Intern Software: D'Post hält u chineeseschem Fournisseur fest

Telekommunikatioun

Intern Software: D'Post hält u chineeseschem Fournisseur fest

D'Post wëllt weider mat engem chineesesche Betrib zesummeschaffe fir hir intern Software ëmzestellen. D'Zesummenaarbecht mat der chineesescher Firma "Whale Cloud Technology" géif zënter sechs Joer "exzellent" lafen, esou de Post-Direkter Claude Strasser.

auto_stories

2 min

E Grond fir mat der Collaboratioun opzehalen, gesäit de Claude Strasser net. Hien kéint zwar novollzéien, datt d'Fro gestallt gëtt op d'Zesummenaarbecht mat der chineesescher Firma e Sécherheetsrisk duerstellt.

Et hätt een et hei mat Entwéckler vun enger Software ze dinn, déi dono komplett op Servere vun der Post géif lafen. "Mir hunn eng Ekipp op der Cloche d'Or vu ronn 50 Leit, déi dee System dono wäerten exploitéieren", sou de Claude Strasser.

D'Post wäert keng Beamte méi astellen

Den Direkter vun der Post betount d'Astellungspolitik vun der Post hätt sech an de leschte Joren net geännert: D'Post géif schonn zënter iwwer 15 Joer praktesch keng Leit méi mam Beamte-Statut astellen.

Hie reagéiert domat op d'Kritik vun der Postgewerkschaft, déi net domat averstanen ass, datt ëmmer manner Staatsbeamte bei der Post schaffen. Un der Astellungspolitik wëllt de Post-Direkter zwar näischt änneren. Hie betount awer, e wéilt d'Gespréich mat der Gewerkschaft sichen.

"Mir sollen eis elo emol ronderëm en Dësch setzen, an da géif ech emol gär héieren, wat déi eigentlech Fuerderunge sinn."