Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bürokratie bei Sozialhëllefen ass "e Riseproblem"

Caritas

Bürokratie bei Sozialhëllefen ass "e Riseproblem"

No der Ried zur Lag vun der Natioun fënnt d'Carole Reckinger vun der Caritas, datt d'Regierung net wäit genuch geet, fir d'Aarmut ze bekämpfen. D'Caritas fuerdert ënner anerem, datt de Mindestloun ëm méi wéi dräi Prozent eropgesat gëtt, an datt sozial Hëllefen direkt sollen u Leit ausbezuelt ginn, déi se zegutt hunn, ouni datt si eng Demande dofir musse maachen.

auto_stories

2 min

D'Carole Reckinger ass déi politesch Porte-Parole vun der Caritas.

D'Carole Reckinger vun der Caritas bedauert, datt de Premier d'Wuert "Aarmut" a senger Ried zur Lag vun der Natioun des Woch net genannt huet.

Dat géif weisen, datt d'Regierung net wäit genuch geet, wann et drëm geet, d'Aarmut ze bekämpfen, esou déi politesch Porte-Parole vun der Caritas de Moien op der Antenn:

"Et ass e puer mol driwwer geschwat ginn, datt de Wuelstand soll erhale ginn. Et ass awer esou: Déi Leit, déi virdru kee Wuelstand haten, déi kréien och elo keen."

Fuerdunge vun der Caritas

D'Caritas fuerdert ënner anerem, datt de Mindestloun ëm méi wéi dräi Prozent eropgesat gëtt, an datt Leit, déi sozial Hëllefen ze gutt hunn, déi och direkt ausbezuelt kréien, ouni datt se eng Demande dofir musse maachen.

Et wier nach ëmmer e "Riseproblem", datt vill Leit, déi en Urecht op sozial Hëllefen hunn, se net ufroen, dat zum Beispill well si sech schummen, fir an en Office social ze soen. Et wier och net einfach, fir déi verschidden Hëllefen um Internet ze fannen an ze verstoen, esou d'Carole Reckinger. Dozou seet si nach weider:

"Wann ee sech net traut op en Office social ze goen, oder emol net weess, datt ee kann dohinner goen - well et sinn och vill Leit, déi vläicht e Brutto-Salaire hunn, wou se mengen, datt se guer keen Urecht op näischt hunn... An dofir soen se: Ech ginn dach elo net op en Aarmebüro. Virun allem, wann een nach ni virdrun Hëllef ugefrot huet. An dofir ass et wichteg, datt déi Hëllefen direkt ukommen."