Et wier zwar richteg, fir Hëllefsmesuren a Krisenzäiten an enger Tripartite mat de Sozialpartner ze diskutéieren, seet de Piraten-Deputéierten, mee do kéint een d'Chamber méi matabannen.
Et hätt ee sech méi cibléiert Mesure gewënscht
Wann ee géif kucken, wéi vill Ministeren un den Tripartite-Sëtzungen deelgeholl hätten, da géif dem Sven Clement no näischt dogéint schwätzen, fir Deputéierter als "Observateuren" an enger zweeter Rei och mat dobäi ze hunn. Esou kéint een d'Sëtzungen direkt suivéieren:
"Da misste mer net eng Woch laang den Zuelen hannendru lafen. Da kéinte mer wärenddeem och mat konkrete Proposen erausgoen, anstatt datt mer am Vakuum diskutéieren."
De Sven Clement betount och, hien hätt sech méi séier, a méi cibléiert Hëllefe gewënscht, wéi déi déi an der Tripartite decidéiert goufen. An awer géifen d'Piraten d'Ëmsetzung vun deene Mesuren an der Chamber ënnerstëtzen, well och wann d'Mesuren net perfekt wären, géifen se garantéieren datt eng gewëssen Hëllef bei de Leit ukënnt.
"D'Demokratie ze kuerz gekuckt"
De Sven Clement mengt och, datt hautdesdaags an der Chamber déi wéinegst mat den Donnéeë confrontéiert ginn, iwwer déi duerno mussen ofgestëmmt ginn.
Dëst wier bei der Oppositioun an der Majoritéit de Fall:
"An da kënnt de Premier an d'Chamber, hie seet eppes, an dann ass et: Vogel friss oder strib! An dat ass awer, mengen ech, d'Demokratie ze kuerz gekuckt."