Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lorde - Take Me To The River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP wëllt Koalitioun net a Fro stellen

Steierdiskussioun

LSAP wëllt Koalitioun net a Fro stellen

D'LSAP hofft, datt d'Regierungskoalitioun sech nach iwwer eng gréisser Steierreform eens gëtt - d'selwecht also wéi déi Gréng. Et misst ee kucken, wéi een d'DP nach iwwerzeegt kritt, esou d'LSAP-Presidentin Francine Closener de Moien op der Antenn.

auto_stories

2 min

D'Francine Closener war haut d'Invitée vum Dag.

D'LSAP hofft, datt d'Regierungskoalitioun sech nach iwwer eng gréisser Steierreform eens gëtt.

Blo-rout-gréng hätt et schonn dacks fäerdeg bruecht, no éischten Divergenzen awer nach e Kompromëss ze fannen, esou d'LSAP-Presidentin Francine Closener de Moien op der Antenn: D'DP géif enger Steierreform zwar kritesch géintiwwer stoen, mee déi Gréng géifen Iddi ënnerstëtzen:

"Mir hunn an der Steierdebatt jo awer och héieren, datt och aner Parteien, a notamment och Déi Gréng, op eiser Linn leien. Lo muss ee kucken, wéi een dann eng Partei, déi awer fäert datt hir Staatsfinanzen aus dem Rudder lafen, fir déi ze iwwerzeegen."

D'LSAP-Presidentin betount awer datt d'Steierdiskussioun kee Grond wier, fir d'Dräierkoalitioun a Fro ze stellen, och wann e méiglech wier, datt een op eenzele Punkte méi no bei anere Parteie géif leien:

"Mee an anere ganz wichtege kruzialen Dossiere leie mir ganz no bei eise Koalitiounspartner. An am Moment gëtt et wierklech guer keen Unhaltspunkt fir déi Regierungskoalitioun a Fro ze stellen, well mir jo esou gutt matenee geschafft hunn, a well mer eis ëmmer konnten eenegen."