Si wier net drop forméiert ginn, fir mat deene ganz Gudde matzehalen, sou d'Lëtzebuerger Tennisspillerin.
"Dat geschitt schonn an der Educatioun. Ech mengen, datt mer hei zu Lëtzebuerg oft kleng gehale ginn. An anere Länner, an anere Sportnatiounen, do gëtt ee vill méi gepusht. Virun allem mental."
Dat hätt si sech missten am Ausland uléieren. "Dat ass awer eppes wou ech ëmmer zréckgezu gi sinn am Kapp, datt een net ganz Grousses kéint erreechen", sou d'Mandy Minella.
Och wa Lëtzebuerg eng kleng Sportnatioun wier, kéinten Nowuesssportler eventuell vill méi erreechen, wann ee vun Ufank u Leit géif mat era bréngen, déi déi Jonk mental géife pushen nom Motto "Du kanns dat maachen, firwat nët? Du kanns Nummer 1 vun der Welt ginn!"