Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Patrick Dury verteidegt den Tripartites-Accord

Wirtschaft

De Patrick Dury verteidegt den Tripartites-Accord

De President vum LCGB verdeedegt den Tripartite-Accord géint d'Kriticken, déi ëm gemaach ginn. De Pak vu Mesuren, deen déi lescht Woch decidéiert gouf, wier der Gravitéit vun der Situatioun ugepasst, sou de Patrick Dury.

auto_stories

2 min

De Patrick Dury ass de President vum LCGB.

Déi aktuell Kris wier fir vill Leit existenzbedroend an dofir hätte misste séier wierksam Léisunge fonnt ginn. Et hätt een et mat enger Kombinatioun aus Energiepräis-Entwécklung an enger Inflatioun ze dinn "déi schonn am alimentaire Beräich ass". Dobäi géif d'Kafkraaft vu ville Leit elo nach duerch Prête mat variabelem Zënssaz erofgesat ginn. Dat géif och dozou féieren, datt ee Probleemer bei der Beschäftegung kéint kréien, sou de Patrick Dury.

"Déi Kris hei ass existenzbedrohend, dat kann een hei soen. A mir hunn an deem Kontext misse Léisunge fannen."

Patrick Dury: "Et geet net ëm de Kapp vum Gilles Feith"

Op der Aviatiouns-Tripartite géif et net ëm de Kapp vum Generaldirekter, mee ëm den Dossier goen, sou den LCGB-President. D'Aarbechtskonditioune géifen natierlech en Theema ginn op der Reunioun dëse Méindeg Moien. An deem Kontext géif sech d'Fro, ob no der Reprise, déi de Secteur am Summer erlieft huet, eenzel Elementer aus dem Krisen-Accord vun 2020 - wéi zum Beispill d'Afréiere vun de Salaire bis Enn 23 - nach gerechtfäerdegt wieren.

Wann déi extern Konditioune sech grondleeënd géifen änneren, da misst een d'Situatioun kënnen nei bewäerten.

"D'Personal op der Luxair huet déi lescht zwee Joer e staarken Engagement gewisen. An u sech muss e Betrib den Engagement vu senge Leit och unerkennen."