Josée Lorsché Déi Gréng fuerderen eng "Solidaritéitssteier"

Déi Gréng Fraktiounscheffin seet, et wier realistesch datt nach virun de Walen eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, déi de Steiersystem méi gerecht maachen. Un eng grouss Steierreform géif si zwar net méi gleewen, esou d'Josée Lorsché.

Rick Mertens / sam

Josée Lorsché
D'Josée Lorsché war haut d'Invitée vum Dag.

Och wa si net méi un grouss Steierreform géif gleewen, sot d'Josée Lorsché de Moien op der Antenn, datt nach virun de Chamberwale verschidde wichteg Steier-Mesure kéinte realiséiert ginn.

Wärend der Pandemie hätt ee festgehalen, datt d'Steierreform géif ausgesat gi well ee mat ganz anere Problemer konfrontéiert war, an duerno wier de Krich an der Ukrain komm.

D'Fraktiounscheffin vun Déi Gréng seet, datt et elo géif drëm goe fir ze kucken, wat bei der Steierreform alles méiglech wier.

"Mir bréngen all eis Iddien eran"

Déi Gréng géife sech zum Beispill eng "Solidaritéitssteier" wënschen, déi an der Kris Suen an d'Staatskeess bréngt - well wann ee Sue bräicht, misste jo och Recette rakommen, esou d'Josée Lorsché:

"Mir kéinten eis och virstellen, datt de Mindestloun nach e bësse méi héich kéint klamme wéi déi 3,3 Prozent, déi elo ugekënnegt sinn. D'Primm "Energie" kann och nach eng Kéier iwwerduecht ginn. Wéi gesot: Mir bréngen all eis Iddien eran."

Datt mat der DP e Koalitiounspartner vun Déi Gréng bis elo all Steiererhéijungen ausschléisst, wollt d'Josée Lorsché net kommentéieren: Déi Gréng kéinte just hir Virschléi an d'Diskussioun abréngen, an da kucke wéi eng Kompromësser méiglech sinn.

Méi zum Thema

Gilles Roth
Gilles Roth

D'CSV begréisst, datt d'Regierung an d'Sozialpartner e prinzipiellen Accord fonnt hunn. Wann de Sozialdialog funktionéiert, da sollt een aus der Oppositioun eraus deen net torpedéieren, esou de Gilles Roth.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen