Radioen

On air

De Moien  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat: "Tripartitesaccord äntwert just deelweis op eis Froen"

Tripartite

Patronat: "Tripartitesaccord äntwert just deelweis op eis Froen"

Den Tripartite-Accord wier wichteg, mee schwéier fir d'Entreprisen seet de Jean-Paul Olinger. D'Betriber hätte sech virun allem méi Previsibilitéit bei de Lounkäschten erwënscht, seet den Direkter vum Patronatsverband UEL.

auto_stories

1 min

Den Tripartite-Accord géif bedeiten, datt d'Entreprisen d'nächst Joer warscheinlech zwou Indextranche mussen ausbezuelen, seet de Jean-Paul Olinger.

"Eng grouss Augmentatioun"

Op den éischte Januar gëtt de Mindestloun erhéicht, am Januar oder Februar kënnt eng éischt Indextranche, am Abrëll dann déi zweet.

"Dat mécht da fir de Mindestloun 8,3 Prozent aus - an dat innerhalb vu véier Méint. Dat ass natierlech eng ganz grouss Augmentatioun, déi zousätzlech zu deene kënnt, déi schonn 2020, 2021, an 2022 komm sinn."

Wéi staark d'Léin duerno wuessen, wier awer nach net kloer, seet de Jean-Paul Olinger. Bis elo hätt ee just Äntwerte fir 2023 kritt, et wéisst een awer net wat 2024 ass.

"Déi ganz Energiespuermesuren, déi elo kommen, déi drécken déi ganz Käschten deelweis no hannen. An 2024 kéint et dann awer sinn, datt zousätzlech Tranche falen."