Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV begréisst de prinzipiellen Tripartite-Accord

Gilles Roth

CSV begréisst de prinzipiellen Tripartite-Accord

D'CSV begréisst generell, datt d'Regierung an d'Sozialpartner e prinzipiellen Accord fonnt hunn. Wann de Sozialdialog funktionéiert, da misst een och aus der Oppositioun eraus d'Disziplin hunn, fir dee net ze torpedéieren, esou de Gilles Roth. Hie géif awer bedaueren, datt d'Chamber net scho wärend der Tripartite méi detailléiert Informatioun iwwer déi finanziell Situatioun vum Staat krut.

auto_stories

2 min

Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth huet den Tripartite-Accord de Moien op der Antenn generell begréisst: Wann de Sozialdialog funktionéiert, da misst een och aus der Oppositioun eraus d'Disziplin hunn fir dee net ze torpedéieren, esou de Gilles Roth.

D'CSV hätt sech awer trotzdeem erwaart, datt och d'Deputéiert an der Chamber gewuer gi wären op Basis vu wéi engen Zuelen an der Tripartite verhandelt gouf:

"[...] an dofir hu mer och d'lescht Woch déi Fuerderung gestallt, datt mer géifen iwwer déi finanziell Situatioun, déi de Staat de Verhandlungspartner géing virleeën. Datt och d'Chamber dat parallel kritt hätt. Dat sollt am Ufank geschéien an dunn ass op ee mol e Revirement bei de Majoritéitsparteien komm fir dat awer net ze maachen."

Et géif an déi richteg Richtung goen

Den Accord, deen d'Regierung an d'Sozialpartner en Dënschdeg den Owend fonnt hunn, geet fir d'CSV "an déi richteg Richtung". Den CSV-Fraktiounschef Gilles Roth begréisst, datt de Staat vum éischten Oktober e groussen Deel vun de Energiekäschten fir d'Bierger an d'Betriber wëllt iwwerhuelen.

Domat géif een net just Symptomer bekämpfen, mee Ursaach vun der aktueller Präisdeierecht, esou de Gilles Roth. Et hätt ee selwer virun enger Rei vu Méint schonn d'Iddi vun engem Präisdeckel an d'Spill bruecht, erkläert den CSV-Fraktiounschef:

"Deemools goufe mer e bësse belächelt, well gesot gouf: Dat ass net sozial selektiv, an dat ass mat der Géisskan. Elo kënnt een op déi Iddi do zréck. An et ass jo net just zu Lëtzebuerg, dat gëtt och an aneren europäesche Länner gemaach. An ech mengen, dofir geet et an déi richteg Richtung. Och well domat indirekt bewierkt gëtt, datt den Index-Mechanismus kann vollëmfänglech spillen."