Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quereinsteiger brauchen an Zukunft eng Zousazformatioun

Educatioun

Quereinsteiger brauchen an Zukunft eng Zousazformatioun

Et wäert an an der Grondschoul weider op Quereinsteiger zeréckgegraff ginn. An Zukunft brauch een awer méi wéi just ee Bachelorofschloss an iergendengem Fach: et muss een eng Formatioun vun engem Joer op der uni.lu maachen, seet de Claude Meisch.

auto_stories

2 min

De Claude Meisch ass Educatiounsminister

Dës Formatioun gëtt dann och mat engem Bachelor ofgeschloss, seet de Claude Meisch. No dëser Zousazformatioun an nom Ofschloss kéim een als Enseignant diploméiert eraus an et kéint ee sech dann dem Concours stellen, preziséiert den Educatiounsminister.

De Bachelor en sciences de l'éducation soll awer weider den Haaptwee bleiwe fir Enseignant ze ginn, betount de Claude Meisch.

Hausaufgabenhëllef: Kommunikatioun verbesseren

Eng gratis Hëllef bei den Hausaufgaben ass eng vun den Neierungen, déi mam neie Schouljoer ageféiert ginn.

An de Maisons relaise soll d'Personal soll d'Kanner dobäi begleeden, an iwwer eng App - e sougenannt e-Bichelchen - mat den Enseignanten an den Eltere kommunizéieren.

Déi Kommunikatioun, wier wichteg, seet den Educatiounsminister Claude Meisch am 100,7-Interview, wier wichteg:

"Wann e Schüler bei enger Matière oder engem Exercice nu wierklech net eens ginn ass, dann ass dat eng Informatioun, déi (mengen ech) souwuel d'Eltere muss interesséiere wéi awer virun allem och den Enseignant. Well dann ass et net um Agent vun der Maison relais, dee mer zwar och wäert forméiere fir déi Aufgab do wouer ze huelen, mee et ass net seng Aufgab fir elo en zweete Cours ze halen. Dann ass et eigentlech um Enseignant an der Klass, den Dag drop déi Matière nach eemol ze widderhuelen."

De Claude Meisch hofft deemno, datt et do ronderëm zu engem Echange tëschent de Leit an den Opfankstrukturen an den Enseignante kënnt.