Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tram wäert net duerch de Stater Park fueren

Ausbau vum Tram-Reseau

Den Tram wäert net duerch de Stater Park fueren

E Sonndeg kommen zwee Tram-Arrêten zu Bouneweg bäi, a kuerz duerno ginn d'Ausbau-Aarbechte weider. Wat den Ausbau vum ganze Reseau ugeet, seet de Generaldirekter vu Luxtram, den André Von der Marck, datt Rumeuren ëm den Tracé vum Tram net richteg wieren: Den Tram sollt a wäert net duerch de Stater Park fueren.

auto_stories

2 min

Am Summer war eng Polemik ëm den Tracé vun engem neie Stéck Tram-Streck entstanen, dat vum Rond-point Schuman an d'Neipuertsgaass (a Richtung Boulevard Royal) ofbéie wäert.

Tram wäert net duerch de Park fueren

De Generaldirekter vu Luxtram, den André von der Marck, confirméiert datt den Tram net wäert duerch de Stater Park fueren. Et wär iwweregens zu kengem Moment dru geduecht ginn, dat ze maachen.

Hie wéisst och net, wou d'Rumeur hierkéim, esou den André Von der Marck: Et hätt een de Projet vun dem neie Stéck nach net presentéiert. Alles wat hie soe kéint, wier datt d'Stréck vum Tram an der Avenue Emile Reuter de Park net touchéiere géif, an datt dëst och net de Fall wäert sinn an der Avenue de la Porte neuve:

"Il est évidemment hors de question que notre tram s'installe, comme je l'ai lu, sur la Kinnekswiss, donc sur la grande pelouse du parc. Tout cela sont des spéculations qui n'ont aucune réalité. Le tramway s'installera sur la partie goudronnée le l'avenue de la Porte-Neuve et ne s'installera absolument pas dans le parc."

Ausbau vum Tram-Reseau

Vun e Sonndeg u fiert den Tram bis op Bouneweg. 1,2 Kilometer Streck komme bäi hannert der Gare, mat zwee neien Arrêten: leschte Steiwer a Lycée Bouneweg.

A schonn eng Woch drop fänken d'Aarbechten um nächste Stéck un, Richtung neie Stadion. Um anere Wupp vun der Linn gëtt och geschafft, un der Verbindung tëscht der Luxexpo an dem Flughafen.

Enn 2024 wäert dann déi ganz Linn vum Findel op d'Kockelscheier fäerdeg sinn. Si ass d'Réckgrat vum weideren Ausbau, well déi nei Tronçonen, déi an Zukunft bäikommen, all iergendwéi mat där Linn verbonne wäerte sinn.