No dem Echec soll elo eng neutral Instanz tranchéieren, an ënner anerem och en Tarif fixéieren.
Do leien d'Virstellunge vu Fapsylux a CNS wäit auserneen: d'Psychotherapeute froen 175 Euro, d'CNS proposéiert der 120.
Kee Konsens iwwer Tariffer
D'CNS hält dësen Tarif fir iwwerdriwwen a seet, aner änlech Gesondheetsberuffer géife fir hir Prestatioune manner kréien.
Dozou seet d'Catherine Richard, dat wier net onbedéngt nozevollzéien, well een einfach anescht géif schaffe wéi aner Prestatairen an esou net kéint verglach ginn:
"Mir hunn deen Tarif och opgrond vun Daten ausgerechent ... datt et op en Equivalent kënnt vun engem, deen an enger Institutioun schafft."
Wann de fixéierten Tarif Um Enn ze niddereg ausfale géif, kéint et gutt sinn, datt vill Psychotherapeuten op den Titel an de Remboursement verzichten, an zu de selwechte Konditioune weider schaffe wéi bis elo, esou nach d'Catherine Richard.