Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Mozart - Sonat fir Piano a Sol Majeur, Op. 10, IV. Rondo Allegretto - Anna Liszewska (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes: "Méi Beem um Knuedler, waren net méi méiglech"

Video

Serge Wilmes: "Méi Beem um Knuedler, waren net méi méiglech"

De Serge Wilmes gëtt virëschte Schäfferéit d'Responsabilitéit dofir, datt um Knuedler net méi Beem geplanzt ginn. Fënnef Joer nodeems hien als Schäffen d'Responsabilitéit fir déi ëffentlech Plazen an der Stad iwwerholl huet, betount den CSV-Politiker d'Decisioun fir de Knuedler nei ze amenagéieren wier scho gefall, éier hien dat Amt iwwerholl huet.

auto_stories

2 min

De Stater CSV-Schäffen Serge Wilmes wëllt bei de Gemengewalen untriede fir Buergermeeschter ze ginn.

Säi Spillraum fir déi zentral Plaz ëmzegestalten, wier doduerch begrenzt gewiescht, esou de Serge Wilmes. Do wou virdru Beem gestanen hätten, géif elo ënnendrënner e Parking gebaut ginn, wat dozou géif féieren, datt Beem net genuch Wuerzelraum hätte fir do ze wuessen.

"[...] well do ewell e Parking gebaut gëtt, an do si mer nëmme bei 40 Zentimeter bis mer op der Dall si vum Parking, kann e Bam do beim beschte Wëlle net ukommen..."

De Serge Wilmes seet awer, et wier méiglech de Knuedler mat Kraider- a Blummebeeter méi gréng ze maachen. An Iwwerleeungen an déi Richtung géifen am Moment och am Stater Schäfferot gefouert ginn.

Trennung vu politesche Mandater nach net méiglech

De Stater CSV-Schäffen Serge Wilmes wëllt bei de Gemengewalen untriede fir Buergermeeschter ze ginn, mee hie wëllt och an der nationaler Politik aktiv bleiwen. Sou laang d'Trennung vu nationalen a kommunalen Mandater net gesetzlech virgeschriwwen ass, géif et kee Grond ginn dat ze maachen, esou de Serge Wilmes.

Am Moment kritt ee fir en Deputéiertemandat 20 Stonne Congé politique pro Woch an als Schäffen och 20 Stonne pro Woch.

"Dat sinn zesummen 40 Stonnen - ass also an der Theorie kompatibel. Wann der dat awer wëllt trennen, da musst der d'Konditiounen natierlech och änneren. Da misst der emol higoen a soen: 40 Stonnen fir den Deputéierten, a 40 Stonnen fir de Schäffen - zemools an de grousse Gemengen. Mee do si mer awer nach net."

D'CSV hat sech bei de leschte Chamberwalen dofir ausgeschwat, Buergermeeschter-Posten vum Deputéierte-Mandat ze trennen. Dat wier och nach ëmmer d'Positioun vun der CSV, esou de Serge Wilmes. Et wéilt een déi Reegel awer eréischt ëmsetzen, wann all d'Parteie sech mussen drun halen.