Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréchent: Doudeg Beem maachen de Fierschter vill Aarbecht

Zoustand vun de Bëscher

Dréchent: Doudeg Beem maachen de Fierschter vill Aarbecht

Déi héich Temperature suergen dofir, datt eng ganz Rei Beem an de Bëscher ofstierwen. D'Cheffin vun der Bëschverwaltung seet, dat wier mat héijem Opwand fir d'Fierschter verbonnen, well si musse reegelméisseg kucke wéi et de Beem geet a wou se mussen intervenéieren.

auto_stories

1 min

D'Martine Neuberg ass Cheffin vun der Bëschverwaltung.

Wa Beem ofstierwen, da misste se deels séier geschnidde gi fir ze verhënneren, datt grouss Äscht ofbriechen, an dann op Passante falen, esou d'Martine Neuberg.

Wann déi betraffe Beem matzen an engem Bestand stinn, géif ee fir d'éischt ofschätzen, ob se kéinte fir Bëschaarbechter geféierlech ginn. "A wann dat net de Fall ass, da bleiwen déi stoen, da ginn déi zu Todholz."

Am Moment hätt een nach genuch Personal fir déi Aarbechten duerchzeféieren, et géif een d'Situatioun weider am Bléck behalen a reagéieren, wann dat de Fall misst sinn, sou d'Martine Neuberg, Cheffin vun der Bëschverwaltung.