Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsministère entwéckelt Zukunftszenarien

Lëtzebuerg 2050

Wirtschaftsministère entwéckelt Zukunftszenarien

Am Wirtschaftsministère solle bis Mäerz d'nächst Joer véier bis fënnef Zukunftsszenarien ausgeschafft ginn, déi virzeechnen, wéi Lëtzebuerg sech bis 2050 entwéckelt. D'Direktesch vum Grupp "Luxembourg Stratégie" erkläert, datt ee wéilt probabel Entwécklungen duerstellen.

auto_stories

2 min

D'Pascale Junker ass haut Invitée vum Dag.

Et géif net drëm goen d'Zukunft präzis virauszesoen. Et wéilt een duerstelle wéi eng Entwécklungen an de nächsten 30 Joer probabel sinn, erkläert déi zoustänneg Beamtin Pascale Junker.

Een Zenario wier net eppes wat wäert zoutreffen, an dat wier och net dat wat ee bei "Luxembourg Stratégie" wéilt maachen:

"Wat mir wëlle maachen, ass kucken: Wann ee sech projezéiert, iwwer säin eegent Liewen eraus, fir déi nächst Generatioun, a wann ee sech projezéiert iwwer säin eegenen Interêt eraus - wat sinn dann déi grouss Tendenzen, déi ee gesäit fir Lëtzebuerg."

Zil: Laangfristeg Observatiounen zu "Mega-Tendenzen"

Et wéilt een eng Institutioun ginn, déi laangfristeg Observatioune mécht vu "Mega-Tendenzen" déi pertinent fir Lëtzebuerg wieren, esou d'Pascale Junker. Zu dëse "Mega-Tendenzen" géifen zum Beispill d'Ëmstellung op nohalteg Energien an eng verstäerkten Digitaliséierung gehéieren.

Eng Fro déi sech stellt ass op déi Zenarien net riskéieren erëm am Tirang ze verschwannen, wann no de Chamberwalen en neie Wirtschaftsminister d'Rudder géif iwwerhuelen? D'Pascale Junker sot dozou datt weder si, nach soss eng aner Persoun kéint d'Zukunft virausgesinn:

"Mee dat hält ee jo awer net dovun of seng Aarbecht ze maachen. D'Aarbecht ass am Intérêt général - et geet dobäi net ëm Kuerzzäitplangen."