D'Upassung vum Steier-Barème un d'Inflatioun géif de Staat eng 600 Milliounen Euro d'Joer kaschten, an dat kéint de Staat sech am Moment net erlaben, seet den DP-Fraktiounschef.
De Gilles Baum ka sech awer virstellen, datt weider op Steierkreditter gesat gëtt fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. De Crédit d'impôt, deen am Fréijoer an der Tripartite decidéiert gouf wär "e richtegt Mëttel" fir de Leit ënner d'Äerm ze gräifen.
An deem Kontext seet den DP-Fraktiounschef hie kéint sech virstellen dee Steierkredit am Hierscht nach eng Kéier unzepassen, wann dann eng weider Indextranche géif erfalen. Am Moment wier et awer nach ze fréi fir hei genee Zuelen ze nennen, esou de Gilles Baum.