Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fudderenkpäss: Am Wanter muss eventuell méi geschluecht ginn

Landwirtschaft

Fudderenkpäss: Am Wanter muss eventuell méi geschluecht ginn

An de Bauerebetriber riskéiert d'Fudder fir d'Béischten am Wanter knapp ze ginn. D'Audrey Feyder vun der Bauregenosseschaft Convis seet, verschidde Bauere missten elo scho Fudder fir hir Béischte bäikafen, well se duerch d'Dréchent manner eege Recolte hunn. D'Bauere misste sech dofir elo schonn d'Fro stellen, wat se am Wanter un hiert Véi verfidderen.

auto_stories

1 min

D'Audrey Feyder schafft fir d'Bauregenosseschaft Convis

Et wier momentan och net einfach fir sech fir iwwerhaapt Fudder a gudder Qualitéit ze kréien, well et iwwerall an Europa dréche wier.

"Ech well net soen datt et onméiglech ass, mee et ass och ëmmer d'Fro fir wéi ee Präis."

Am schlëmmste Fall wier d'Fudder esou deier, datt d'Rechnung fir d'Baueren net méi opgeet. An deem Fall, missten d'Betriber dann en Deel vun hirem Véi schluechte fir de Bestand ze reduzéieren.

Dat wier awer just déi allerlescht Optioun sou d'Audrey Feyder "well et einfach d'Kapital vum Betrib duerstellt".