Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Mischo: "Duebelmandat huet just Virdeeler"

Trennung vu Mandater

Georges Mischo: "Duebelmandat huet just Virdeeler"

De Georges Mischo fënnt, datt een d'Mandater vu Buergermeeschter a Chamber-Deputéierte ganz gutt matenee verbanne kann. Hie wëll d'nächst Joer och nees bei de Gemengewalen an de Chamberwalen untrieden, an esou säin Duebelmandat halen - och wann dat net an enger Linn mat der Positioun vun der CSV ass.

auto_stories

2 min

Den Député-maire Georges Mischo war haut den Invité vum Dag.

Am Gespréich mam Rick Mertens de Moien huet de Georges Mischo iwwer Duebelmandater an der Politik an iwwer seng Zukunftspläng geschwat.

"Bis elo nëmme Guddes"

Vun enger Trennung vu lokalen an nationale Mandater hält de Georges Mischo näischt. Op dësem Punkt ass hien net op enger Linn mat der CSV, seng Partei hat sech virun de leschte Chamberwalen nämlech fir eng Trennung vu lokalen a nationale Mandater ausgeschwat.

Dozou seet de Georges Mischo, et misst ee jo net ëmmer mat allem d'accord sinn, wat d'Partei seet. Hien hätt bis elo nëmme Guddes aus sengem Duebelmandat kënnen erauszéien, erkläert den Escher Député-maire.

Wärend der Pandemie zum Beispill hätt hien als Buergermeeschter vun Esch dovu profitéiert, datt hien als Deputéierten ëmmer fréi iwwer déi neisten Entwécklungen informéiert gouf well hien direkt un der Quell souz:

"An doduerch konnt ech natierlech ganz séier reagéieren, an och meng Servicer séier informéiere fir alles séier en Place ze setzen."

Zukunftspläng am Duebelmandat

Den Escher Député-maire seet och, datt hie sech gutt virstelle kéint fir säi Buergermeeschter-Poste weiderhi mat engem Chambermandat ze verbannen.

An deem Kontext huet hien och duerchblécke gelooss, datt hien d'nächst Joer esouwuel bei de Gemengewalen nees untriede wéilt, ewéi och bei de Chamberwalen:

"Jo, ech gi gär mat an d'Gemengewalen. Jo, ech géif gär Buergermeeschter bleiwen. An ech géif och gär mat an d'Chamberwale goen. Dat ass ganz kloer."

Bei de Chamberwale misst een awer nach ofwaarde wat do eraus kënnt, well hei de Südbezierk vun der Partei decidéiert.