Radioen

On air

De Moien  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andrew Ferrone: "Bauere riskéieren Ausfäll bei der Recolte"

Dréchent zu Lëtzebuerg

Andrew Ferrone: "Bauere riskéieren Ausfäll bei der Recolte"

Den Andrew Ferrone ass de Chef vum Meteo-Service um Landwirtschaftsministère. Hien huet am Gespréich mam Rick Mertens erkläert, wéi een negativen Impakt d'Dréchent hei am Land op d'Landwirtschaft huet, an datt dëst Joer esouguer Deeler vu Recolte kéinten ausfalen.

auto_stories

2 min

D'Bauere riskéieren en Deel vun hirer Recolte ze verléieren, well et schonn zanter Méint net méi uerdentlech gereent huet.

Potentiell Ausfäll bei spéide Recolten

De Chef vum Meteo-Service um Landwirtschaftsministère, de Andrew Ferrone, seet dat hei virun allem Zorte betraff sinn, déi eréischt méi spéit am Summer recoltéiert ginn an elo nach dobausse stinn. Héi kéint et zu Ausfäll kommen:

"Virun allem bei der Summergeescht a beim Mais gesäit et ganz schlecht aus. Virun allem de Mais, dee kéint elo steril sinn, an doduerch keng Polle maachen. An doduerch kéint et virun allem am Guttland ganz schlecht ausgesinn fir déi Kulturen, déi nach dobaussen op de Felder stinn."

Manktem un Hee am Wanter och méiglech

Doriwwer eraus kéint d'Dréchent awer och bedeiten, datt et de Baueren am Wanter un Hee fir hir Béischte feelt. Dëst géing domat zesummen hänken, datt d'Wisen ophalen ze wuesse wann et esou waarm an dréchen ass:

"An dat bréngt da mat sech, datt de Schnatt méi spéit gemaach gëtt, respektiv, datt de Schnatt relativ schlecht ausfällt. An dat ass net gutt fir d'Baueren, well si dann nämlech keng Reserven hu fir mat de Béischten iwwer de Wanter ze kommen."

Wéi grouss d'Ausfäll wäerte sinn, kéint een eréischt am Hierscht soen, wann d'Récolten ofgeschloss sinn.