Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserverwaltung: Niddreg Peegele vu Flëss a Baache sinn ee Problem

Waassermanktem

Waasserverwaltung: Niddreg Peegele vu Flëss a Baache sinn ee Problem

Et feelt hei am Land u Waasser: dat ass op déi laang Dréchent zeréckzeféieren. De Waasserstand vun de Flëss a Baachen ass ganz niddereg, an dat fänkt un e Problem ze ginn, seet de Luc Zwank, Directeur adjoint vun der Waasserverwaltung.

auto_stories

2 min

De Luc Zwank ass Directeur adjoint vun der Waasserverwaltung

Beim Héichwaasser haut virun engem Joer hat d'Uelzecht am Pafendall e Peegelstand vu 4,40 Meter, haut de Moie steet se do bei aacht Zentimeter.

An net just d'Uelzecht ass extrem niddereg am Moment. Dat fänkt un e Problem fir den Equiliber vun de Waasserleef ze ginn, seet de Luc Zwank am 100,7-Interview.

Dat wéinegt Waasser an de Flëss a Baache géif séier méi waarm ginn an dat wier net gutt fir d'Fësch. Well d'Waasser och manner séier fléisst, hätt een net méi déi selwecht Capacitéit fir eng méiglech Verschmotzung ze verdënnen.

De Manktem un Néierschléi de leschte Wanter an déi aktuell Dréchent maachen et am Moment noutwenneg, spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen. Gëschter hunn den Ëmweltministère an d'Waasserverwaltung d'Phase de vigilance vum Waassernoutfallplang deklaréiert.

D'Leit ginn opgeruff, manner Waasser ze verbrauchen, a kee Waasser ze verbëtzen. Nach ass dat just eng Recommandatioun, et läit an den Hänn vun de Gemengen, ob a wéini méi contraignant Mesurë kommen, seet de Luc Zwank.

Wann d'Infrastrukture vun der Gemeng et net méi packen d'Waasserversuergung oprecht ze erhalen, misste méi verbindlech Mesuren iwwer ee Gemengereglement geholl ginn.

Piste fir géint Manktem u Waasser virzegoen

Lëtzebuerg steiert wéinst senger dynamescher ekonomescher en demographescher Entwécklung op ee Manktem un Drénkwaasser hin - onofhängeg dovun, wat d'Klima an den nächste Jore mat sech bréngt.

Dofir gëtt driwwer nogeduecht d'Waasser aus der Musel als Drénkwaasser opzebereeden. Dat wier awer just eng Optioun ënner aneren, seet de Luc Zwank, den Directeur adjoint vun der Waasserverwaltung.

"Déi Anlag ass ee méigleche Bausteen an engem ganzen Arsenal vu Mesuren", seet de Luc Zwank. Et géif nämlech och drëms goe Waasser ze bestoen a Ressourcen ze schützen.

Opstocke vun der Waasserversuergung

Sourcen, déi den Ament net benotzt kënne ginn, wëllt een an en Zoustand kréien, datt ee se erëm benotze kann. Weider wëllt een erausfannen, ob een nach weider Grondwaasservirkommen an d'Waasserversuergung kann abauen.

"Et ass ee Gesamtpak, dee gekuckt gëtt. Spéider muss konkretiséiert ginn, a wéi eng Richtung et goe soll, oder goe muss."

2035 kéint de Moment komm sinn, wou et mat den aktuellen Reservoiren un Drénkwaasser net méi duergeet.