Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diane Adehm: Chamber muss sech vu Regierung emanzipéieren

Affär LUXEOSys

Diane Adehm: Chamber muss sech vu Regierung emanzipéieren

Déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun huet e Méindeg e Rapport vum Rechnungshaff virgestallt kritt, deen et a sech huet: Et geet ëm de militäreschen Äerdobservatiouns-Satellit LUXEOSys, dee Lëtzebuerg sech uschafen a bedreiwe wäert, an deen d'Allgemengheet um Enn bal duebel esou deier ze stoe kënnt wéi geplangt. Am Gespréich mam Maurice Molitor kommentéiert d'Presidentin vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun an d'CSV-Deputéiert Diane Adehm verschidden Aspekter vum Rapport.

auto_stories

2 min

D'Uschafung vum Äerdobservatiouns-Satellit LUXEOSys wäert vill méi deier gi wéi geplangt, well eng Rei Kontrollmechanisme versot hunn, an et och soss nach Ongereimtheeten am Projet gouf.

Projet de loi virgestallt ouni Finanzement-Detailer

De Verdeedegungsminister Schneider hat dem Parlament 2018 am Projet de loi iwwer den Äerdobservatiouns-Satellit déi üblech Fiche financière mat Detailer vum Finanzement virenthalen. D'Argument dofir war, datt de Projet confidentiel wier.

Dat hätten d'Deputéiert guttgleeweg higeholl, erkläert d'Presidentin vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun an d'CSV-Deputéiert Diane Adehm. Et wier net ongewéinlech gewiescht, datt emol e Projet confidentiel war, mee d'Deputéierter hätten awer ëmmer Äntwerten op hir Froe kritt:

"Et ass am Nachhinein en neie Moment komm mam Arrêt Clement am Dossier Google, wou d'Verwaltungsgeriicht tranchéiert huet, datt d'Chamber bei all Dossier deen d'Regierung mécht partie prenante ass. An dofir huet d'Chamber en Urecht fir all Dokument ze gesi wat si gäre géif gesinn. Mee deen Arrêt ass eréischt nom LUXEOSys-Dossier komm. An haut géife mir als Chamber higoen a soen: Et kann net sinn, datt dir ënner dem Deckmäntelche vun der Confidentialitéit Saache laanscht eis schleist, och wann et ëm d'NATO geet a.s.w., mir hunn en Urecht drop alles ze gesinn."

En Dossier mat enger Rei Ongereimtheeten

Et ginn e puer Ongereimtheeten am Dossier, déi d'Cour de Comptes an engem Spezialrapport fir d'Chamber opgedeckt huet. Eng dovun ass, datt den Etienne Schneider scho virum Vott vum Gesetz iwwer de Militärsatellit LUXEOSys wousst, datt d'Enveloppe vun 170 Milliounen Euro, déi dora virgesi war, net géif duergoen, fir de Projet ze finanzéieren.

An deem Kontext erënnert d'Diane Adehm sech nach u wat virun der Ofstëmmung gesot ginn ass:

"An der Plenière ass nach eng Kéier esouwuel vum Rapporter Marc Angel ewéi vum Minister Etienne Schneider gesot ginn: Jo, an deenen 170 Milliounen ass alles dran. An de Jean-Marie Halsdorf huet deemools als eise Spriecher gesot: Mir stëmmen hei eng Virwëtztut, well mir mussen eis op dat verloosse, wat mer gesot kréien."

De Projet wier trotzdem gestëmmt ginn, well een zu dem Engagementer par rapport zu der NATO gestanen hätt.