Radioen

On air

Moiesstudio  |  Adi Oasis - Naked Feat. Leven Kali

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Planning Familial fuerdert Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

Fraerechter

Planning Familial fuerdert Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

D'Presidentin vum Planning Familial hofft, datt den "Zuch nach net fort ass" fir d'Recht op Ofdreiwung an d'Lëtzebuerger Verfassung anzeschreiwen.

auto_stories

2 min

D'Ainhoa Achutegui ass Presidentin vum Planning Familial

D'Ainhoa Achutegui seet, et géif hir perséinlech Leed doen, datt si net schonn am Kader vun den Diskussioune ronderëm d'Verfassungsreform an de leschte Jore gefuerdert hätt, datt d'Recht op Schwangerschaftsofbréch an der Constitutioun verankert gëtt.

D'Decisioun vum ieweschten amerikanesche Geriichtshaff, d'Recht op Ofdreiwung net méi iwwerall an den USA ze garantéieren, géif weisen, datt och hei am Land dréngend zousätzlech Garantië gebraucht ginn, esou d'Presidentin vum Planning Familial:

"Dat géif änneren, datt et e bësse méi a Stee gemeesselt ass. An datt et och méi schwiereg ass ze änneren. Well wéi mir wëssen: Wa Saachen an der Constitutioun stinn, da si se och méi garantéiert. Et ass ee Wee, deen och aner Länner wëllen aschloen.

D'Presidentin vum Planning Familial hieft hei Frankräich ervir: Do géif d'Recht op Schwangerschaftsofbréch elo warscheinlech an d'Verfassung stoe kommen, esou d'Ainhoa Achutegui. Si hofft, datt dat och hei am Land séier méiglech ass.

Schwangerschaft méi spéit kënnen ofbriechen

De Planning Familial fuerdert och, datt den Delai, bannent deem eng Schwangerschaft ofgebrach ka ginn, verlängert gëtt: Am Moment kann een hei am Land bis déi 12. Woch vun der Schwangerschaft ofdreiwen.

D'Presidentin vum Planning Familial huet de Moie gefuerdert, den Delai bis déi 14. Schwangerschaftswoch ze verlängeren. Grad an de leschten zwee Joer hätten nämlech eng Rei Fraen eréischt méi spéit an hirer Schwangerschaft ofgedriwwen, esou d'Ainhoa Achutegui:

"Zanter der Pandemie huet sech gewisen, datt mir dat brauchen. Net onbedéngt fir all Fra natierlech. Déi meescht Fraen dreiwen an der 5. Woch of. Also am alleréischte Stadium vum Embryo, wou nach iwwerhaapt kee Foetus do ass. Mee et si leider och Fraen, zum Beispill bei Déni de Grossesse, déi et eréischt méi spéit gewuer ginn."