Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lex Delles: Mir wëlle bei Gemengewalen "dat beschtméiglecht Resultat"

Neien DP-Parteipresident

Lex Delles: Mir wëlle bei Gemengewalen "dat beschtméiglecht Resultat"

D'Demokratesch Partei huet zënter enger gudder Woch een neie President: de Lex Delles gouf um DP-Kongress den 12. Juni zu Bartreng als Nofollger vun der Corinne Cahen gewielt.

auto_stories

2 min

Eng vun de groussen Aufgabe vun der neier DP-Spëtzt, déi um Kongress de virleschte Sonndeg zu Bartreng gewielt gouf, ass et, d'Partei op d'Superwaljoer 2023 ze preparéieren.

"D'Gemengewalen, (do) wëlle mer dat beschtméiglecht Resultat maachen. Mir sinn och do am gaangen intern um Programm schonn ze schaffe fir an Aarbechtsgruppen d'Prioritéite festzeleeën, de Programm selwer fest ze leeën. An dann op nationalem Niveau e Xavier Bettel als Premier, dee mat an d'Wale geet, a mir als Ekipp natierlech och, déi ganz gären och wëlle weider an der Regierung bleiwen."

Nach wier d'DP awer net am "Pre-Walféiwer", esou de Lex Delles. Dowéinst wollt den neie Parteipresident d'Fro net beäntwerten, wie fir seng Partei als Spëtzekandidat an der Stad Lëtzebuerg wäert untrieden. D'Corinne Cahen hat an engem Interview am Lëtzebuerger Land net ausgeschloss, datt si zesumme mat der Lydie Polfer kéint untrieden.

Zënter dräi an engem hallwe Joer ass de Lex Delles Minister, an elo also och Parteipresident. Wat sinn déi nächst Etappen a senger Karriär? De Politiker seet, datt hie ganz houfreg ass, Parteipresident vun der DP ze sinn - fir hie wier dat eng grouss Éier. Op d'Fro hin, ob et enges Daags e Premier-Minister Lex Delles géif ginn, seet den DP-Parteipresident:

"Mir hunn e Premierminister Xavier Bettel, wou ech ganz frou sinn, datt mer deen hunn. [Dëse Posten unzestriewen] ass net meng Ambitioun am Moment - meng Ambitioun am Moment ass, beschtméiglechst Aarbecht als Minister ze maachen. An der Politik muss een einfach kucke wat een elo huet, an dat beschtméiglechst maachen. Ech sinn am Moment Mëttelstands- an Tourismusminister an dat wëll ech beschtméiglech maachen."