Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piratepartei: Gemeinsam Wallëscht mat Fokus ass "keng Optioun"

Chamberwalen 2023

Piratepartei: Gemeinsam Wallëscht mat Fokus ass "keng Optioun"

D'Piratepartei hätt keen Interessi dru mat der neier Partei "Fokus" zesummen ze schaffen, seet de Starsky Flor. Hie huet betount, seng Partei hätt aus der Kooperatioun mat der PiD bei de leschte Wale "geléiert".

auto_stories

1 min

Eng Zesummenaarbecht mat der neier Partei vum Frank Engel wier dofir "am Moment keng Optioun".

Bei de leschte Chamberwalen haten d'Piraten eng gemeinsam Lescht mat der PiD opgestallt. No de Wale koum et awer dunn zu Onstëmmegkeeten tëscht den zwou Parteien, an d'Kooperatioun gouf nees opgeléist.

Kandidat:inne fir d'Walen virbereeden

Hie wier optimistesch, datt d'Pirate genuch eege Kandidate fir d'Wale géife fannen, esou de Starsky Flor, och wann et net einfach wier, "fir elo direkt vun haut op muer esou vill Leit ze fannen".

D'Partei géif wuessen an hätt mëttlerweil knapp 500 Memberen, seet de Spriecher vun der Piratepartei: "an do wäerten der warscheinlech nach vill bäikommen". Aktuell géif een dru schaffe fir Kandidat:innen op d'Gemengewalen an duerno op d'Chamberwale virzebereeden.

De Starsky Flor huet am 100,7-Interview och schonn e puer Nimm fir méiglech Kandidat:inne genannt, dorënner de Raymond Remakel, de Charly Muller oder de Mathis Godefroid. "An déi aner, déi gi lues a lues presentéiert", esou de Starsky Flor.