D'Croix-Rouge huet bis elo e bësse méi ewéi 200 ukrainesch Flüchtlingen u Privatleit weider vermëttelt, déi hinnen eng Wunneng zur Verfügung stellen, seet d'Nadine Conrardy vun der Croix-Rouge.
Et waarden och nach ëmmer eng Rei ukrainesch Flüchtlingen drop fir bei Privatleit ënner Daach ze kommen. Wéi vill dat der genee sinn, wär awer schwéier ze soen, esou déi Responsabel vun der Croix-Rouge:
"Mir mierken dacks, datt d'Leit sech et erëm anescht iwwerleeën - an dat e bëssen op deenen zwou Saiten. Dat heescht, wa mer menge mir hätten elo Leit fonnt, déi beienee passen, dann hunn d'Situatiounen sech vläicht schonn erëm e bësse geännert. Zum Beispill bei Flüchtlingen, déi dann awer elo eng Zäitchen a Strukture waren, wou d'Kanner elo vläicht do an d'Schoul ginn, oder a Veräiner ugefaangen hunn. Et si Leit, déi dofir gefrot hu fir ze waarde bis d'Schoulvakanz ugeet, well d'Kanner da net nach am Schouljoer musse wiesselen."
Vermëttlungen net ëmmer einfach
D'Nadine Conrardy verstoppt net, datt déi Vermëttlungen net ëmmer einfach sinn. D'Croix-Rouge géif zwar probéieren esouwuel d'Flüchtlingen, wéi d'Accueilsfamillen esou gutt ewéi méiglech op hiert Zesummeliewen ze preparéieren. Imprevuë wieren doduerch awer net komplett ze verhënneren:
"Heiansdo mierkt een dann an der leschter Minutt, datt awer nach eng Klengegkeet anescht ass wéi geduecht, déi vläicht guer net esou eng Klengegkeet ass. Eng Famill huet vläicht gesot, et wier okay wann en Hond matkënnt, mee dono ass den Hond méi grouss, wéi se sech et virgestallt hunn. Dat heescht do sinn heiansdo Saachen, déi a leschter Sekonn opdauchen, wou eng Famill et net fir esou wichteg fonnt huet en Detail ze nennen, deen dono dann awer op der Plaz eng Schwieregkeet kann duerstellen."
Am Moment géife keng zousätzlech Wunnenge fir ukrainesch Flüchtlinge gebraucht ginn, esou d'Nadine Conrardy. D'Croix-Rouge kéint allerdéngs ëmmer Wunnenge gebrauche fir Leit, déi sech näischt um private Logementsmarché kënne leeschten.