Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Epicerie Socialen: 30 Prozent méi Undrang bannent de leschte 5 Joer

Invitée vum Dag

Epicerie Socialen: 30 Prozent méi Undrang bannent de leschte 5 Joer

D'Zuel u Stéit, déi sech an den Epicerie Socialë vun der Cartias versuergen, ass bannent de leschte 5 Joer em méi wéi 30 Prozent geklommen, sou déi politesch Porte-Parole vun der kathoulescher ONG.

auto_stories

1 min

D'Carole Reckinger geet dovun aus, datt den Undrang an den Epicerie Socialen an den nächste Méint nach weider wäert zouhuelen. Den Impakt vun der Covid-Pandemie wär bis ewell duerch staatlech Krisemesuren ofgefiedert ginn, esou d'Carole Reckinger. Déi Mesurë géifen awer net éiweg gräifen, a si géif fäerten datt, dat geschwënn en Impakt hätt, esou d'Carole Reckinger.

"Wann déi Hëllefen auslafen, an d'Leit hir Ressourcen opgebraucht hunn. Hir Erspuernisser opgebraucht hunn. Datt se dann iergendwann de Schrëtt musse maache bei den Office Social. Et si vill Leit, déi sech schummen an en Office Social ze goen, well se vläicht hiert ganz Liewe laang nach keng Hëllef ugefrot hunn. Dat ass e Prozess an den dauert."

D'Caritas preparéiert sech dofir am Moment logistesch drop fir méi Leit an den Epicerie Socialë kënnen ze versuergen, esou d'Carole Reckinger.