Radioen

On air

De Moien  |  The Clash - Train in Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Transportsecteur sicht no Léisunge fir déi héich Spritkäschten

Wuerentransport

De Lëtzebuerger Transportsecteur sicht no Léisunge fir déi héich Spritkäschten

Déi héich Spritpräisser doen och de Camion-Transport-Entreprisen zu Lëtzebuerg wéi. D'Fro stellt sech, ob et elo bei de Camione méi séier kéint goen, fir op den Diesel ze verzichten, an op aner, och méi ëmweltfrëndlech-Forme vun Energie ëmzeklammen. Dat wier net sou einfach, seet d'Marianne Welter. Si ass Presidentin vum Daachverband, dem "Groupement Transports", a Patronne vun der Transport Firma Arthur Welter.

auto_stories

2 min

D'Dieselrechnung, déi hire Betrib - d'Entreprise Arthur Welter - all Mount ze bezuele kréich, wier bannent e puer Woche vu soss enger Millioun op elo annerhallef Millioun Euro geklommen, sou d'Marianne Welter. Déi eng Flott vu 450 Gefierer huet. D'Marianne Welter ass d'Presidentin vum Groupement Transports, dem Daachverband vum Secteur, dee rezent mat enger konkreter Fuerderung un den Energieminister Claude Turmes erugetrueden ass: nämlech nom Virbild vun engem franséische Gesetz och hei en Text op de Wee ze bréngen, dee virgesäit an ausdrécklech erlaabt, eng sougenannt "surcharge carburant" un d'Cliente weider ze verrechnen.

Den Energieminister hätt déi Iddi "ganz interessant" fonnt a si wier mat engem positive Gefill aus där Reunioun erausgaangen, sou d'Marianne Welter.

Eng weider Piste wier der Marianne Welter no de sougenannten "professionellen Diesel". "Do wëll d'Regierung awer net matgoen. Mir mussen awer iergendwéi anescht Hëllef kréien."

A Frankräich kéint eng Entreprise och vun Aidë profitéieren, wa se beispillsweis en neie Camion keeft.

Am Moment ginn et nämlech grouss Retarde bei de Ausliwwerung vun neie Gefierer, déi an der Reegel manner Sprit verbrauche wéi d'Virgänger-Modellen.