Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger am Ukrainkrich: "D'Reegele si kloer", esou de François Bausch

Krich

Lëtzebuerger am Ukrainkrich: "D'Reegele si kloer", esou de François Bausch

De Verteidegungsminister François Bausch gesäit kee Grond d'Gesetzer fir Lëtzebuerger Bierger ze verschäerfen, déi sech un engem Krich am Ausland bedeelegen. Et ginn Indicen, datt an de leschte Wochen e puer Lëtzebuerger Staatsbierger sech an der Ukrain an arméierte Gruppen engagéiert hunn: RTL hat d'lescht Woch vun zwee esou Fäll bericht, an och hei op der Antenn koum de Moien e Mann zu Wuert, dee seet en hätt an der Ukrain Kampf-Formatioune gehalen.

auto_stories

1 min

Foto: Chris Zeien

De François Bausch réit dovun of esou Saachen ze maachen, e Grond fir d'Gesetzer ze verschäerfe gesäit hien awer net. Hie betount och, Lëtzebuerg kéint als Staat net fir dat responsabel gemaach ginn, wat eenzel Staatsbierger an enger Krichszon maachen.

"Dat gëtt kee Sënn, well d'Reegele kloer sinn. D'internationaalt Recht ass kloer a mir maachen dat nämmlecht, wat all d'Länner an Europa maachen. An d'Warnunge sinn och kloer vum Ausseministère. Mee et kann een natierlech keen dovun ofhalen Dommheeten a sengem Liewen ze maachen."