Industrie D'Mammenhaus vu Paul Wurth beschäftegt iwwer 1.000 Leit a Russland

Paul Wurth beschäftegt weiderhi Mataarbechter a Russland, seet de Georges Rassel am 100,7-Interview. Den Direkter vum Ingenieursbetrib betount, et géif een awer keng nei Opträg méi erfëllen.

Rick Mertens (Interview) / cbi

Georges Rassel
De Georges Rassel ass Direkter vu Paul Wurth

Den Direkter vu Paul Wurth preziséiert, datt souwuel an der Ukrain, wéi och a Russland nach Mataarbechter wieren, mee déi Lëtzebuerger Mataarbechter wiere mëttlerweil zeréck.

"Mataarbechter aus der Ukrain, ukrainesch Fraen, hu mer heihinner kënne rapatriéieren. Mee sur place ginn et nach Mataarbechter, souwuel vun der Firma Paul Wurth, wéi och vum Mammenhaus SMS."

De Grupp SMS, zu deem Paul Wurth zanter dem leschte Joer gehéiert, hätt iwwer 1.000 haaptsächlech russesch Mataarbechter, déi a Russland beschäftegt wieren.

De Georges Rassel erkläert, déi Mataarbechter géife sech ëm déi sécherheetstechnesch Maintenance vum Equipement këmmeren, dat an der Vergaangenheet a Russland geliwwert gouf.

Eng limitéiert Maintenance gëtt nach assuréiert

Als Fournisseur wier een hei deelweis u laangfristeg Verträg gebonnen, déi een net einfach kéint ignoréieren, betount den Direkter vu Paul Wurth:

"Dat Eenzegt, wat mer elo nach maachen, dann sinn am Fong lokal esou sécherheetstechnesch Interventiounen. Fir sécher ze stellen, datt Deeler oder Ekipementer, déi mer geliwwert hunn, datt déi nach dohanne kënne funktionéieren. Datt do net Mënschen zu Schued kommen. An dofir hu mer nach lokal Leit sur place, deene mer da quasi ferngesteiert vun hei soen, wat se nach solle maachen."

Wann de Betrib dat net géif maachen, da géif e riskéieren vu senge russesche Cliente viru Geriicht ugesicht ze ginn.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Gas Valve
EU-Energieminister-Treffen

D'Reunioun gouf extra aberuff, fir d'Situatioun par rapport zu russesche Gasliwwerungen ze klären. Et schéng net kloer ze sinn, wéi sech d'Länner verhale mussen, fir net géint d'EU-Sanktioune géint Russland ze verstoussen.

Claude Turmes
EU-Sanktioune géint Russland

Et wier inacceptabel, wa Staaten hir russesch Gasrechnungen awer a Rubel géife bezuelen, seet de Claude Turmes. Um Spezialsommet vun den Energieminister géifen Detailer zu de Sanktiounen diskutéiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen