Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Angel: D'Bierger wëlle méi Europa

Matbstëmmung

Marc Angel: D'Bierger wëlle méi Europa

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel ass iwwerzeegt, datt et zu engem europäesche Konvent kënnt, fir eenzel Ännerunge vun den EU-Verträg virzebereeden. Trotz dem Widderstand vun 13 Memberlänner, déi sech an enger gemeinsamer Stellungnam géint eng Reform vum Vertragswierk ausgeschwat hunn. Mam Argument, Traités-Ännerunge wieren net d'Haaptsuerg vun de Leit.

auto_stories

2 min

Deem widdersprécht den LSAP-Politiker, a verweist op d'Propositioune vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa, déi d'EU-Spëtzten de Méindeg iwwerreecht kruten.

"Mee wann ee weess wat d'Biergerinnen a Bierger wëllen, si wëllen Europa weiderdreiwen, si wëlle méi e soziaalt Europa, si wëllen en Europa, dat méi Kompetenzen a Saache Gesondheet huet, si wëllen en Europa, dat méi Kompetenzen a punkto Energieversuergung huet."

Vertragsännerungen néideg

An dat geet nëmme wann een de Vertrag ännert. A wann d'Bierger dat wëssen, da versti se och, firwat mer iwwer Vertragsännerunge schwätzen. Mee Vertragsännerunge just fir Vertragsännerungen ze maachen, dat ass jo net de Sënn an Zweck gewiescht.

Den Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel ass iwwerzeegt, dass et zu engem europäesche Konvent kënnt, fir eenzel Ännerunge vun den EU-Verträg virzebereeden. Trotz dem Widderstand vun 13 Memberlänner, déi sech an enger gemeinsamer Stellungnam géint eng Reform vum Vertragswierk ausgeschwat hunn. Et kéint een d'Propositioune vun der Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa, déi gëscht op en Enn gaangen ass, nët einfach ignoréieren, sou den LSAP-Politiker.

"Wann een Europa méi handlungsfäeg wëll maachen, da muss een och un de Vertrag goen. Da muss een och d'Fro vun der Unanimitéit uschwätzen. Ouni Vertragsännerunge kënne mer Europa net méi handlungsfäeg maachen."

En Ofschafe vum Eestëmmegkeetsprinzip ass ee Virschlag vun der Konferenz gewiescht. Gefuerdert ginn doriwwer eraus zousätzlech Kompetenze fir d'EU zum Beispill am Gesondheets- an am soziale Beräich.