Radioen

On air

De Moien  |  Warpaint - New Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dieschbourg-Enquête: Déi Gréng wëlle vläicht nach Experten héieren

Affär Dieschbourg/Traversini

Dieschbourg-Enquête: Déi Gréng wëlle vläicht nach Experten héieren

Déi Gréng kënne sech virstellen eventuell nach weider Experten unzehéieren, éier si sech festleeën, ob d'Chamber dofir zoustänneg ass ze decidéieren, wéi et mat der Enquête géint déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg viru geet, sou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Losché.

auto_stories

2 min

D'Chamber géif sech hei "op engem heikelen Terrain" befannen an et misst séchergestallt ginn, datt de Staat sech Grondprinzippie muss respektéieren. "An dann ass et besser et lauschtert een engem ze vill no, wéi engem net genuch."

D'Fraktiounscheffin vun Déi Gréng bedauert, datt d'Chamber ni e Gesetz gestëmmt huet, dat reegelt wéi juristesch Enquête géint fréier Ministere sollen oflafen. D'Deputéiert hätten et hei verpasst "hir Hausaufgaben ze maachen," esou d'Josée Lorsché. Si huet och zouginn, datt Déi Gréng mat Schold doru sinn.

"Warscheinlech ass ëmmer dovun ausgaange ginn, datt déi Fäll sech net widderhuelen, wéi deemools mam Här Krecké, a virdru scho mam Här Wolter, wou och schonn esou Affären unhänglech waren. An et ass wierklech ze bedaueren, datt do net méi Drock gemaach ginn ass, an datt dat Gesetz ni entstanen ass."

Well keen esou ee Gesetz gëtt, ass am Moment net kloer wéi et mat der Enquête géint déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg virugeet. Déi Gréng hu sech nach net festgeluecht, ob si d'Chamber oder de Parquet hei an der Verantwortung gesinn.

Op Ufro vun Déi Gréng gëtt d'nächst Woch de Verfassungsexpert Luc Heuschling an der Chamber gehéiert. Nimm vun aneren Experten, déi och nach kéinte gehéiert ginn, huet d'Fraktiounscheffin vun de Greng am 100,7-Interview net genannt.