Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Slow Leaves - American Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un neier Ausstellung: MNHA-Direkter weist sech oppe fir Dialog

Kultur

Kritik un neier Ausstellung: MNHA-Direkter weist sech oppe fir Dialog

Den Direkter vum Nationalmusée um Fëschmaart kann d'Kritik un enger neier Ausstellung net wierklech novollzéihen. D'ukrainesch Ambassade, d'Associatioun LUkraine, hunn an de leschten Deeg ëffentlech gefuerdert, datt d'Ausstellung "The Rape of Europe" mat Biller vum russesche Moler Maxim Kantor ofgeblose gëtt.

auto_stories

2 min

fFir den MNHA-Direkter Michel Polfer berout déi Fuederung op engem "Messverständnis". Hie betount de Maxim Kantor géif de Regimm vum Wladimir Putin zënter Joren ëffentlech kritiséieren. An et wier och net richteg ze behaapten, de Kënschtler géif mat senger Ausstellung am MNHA Sue verdéngen, déi hien a Russland schéckt.

"Et gëtt un den Artist net een Cent Honoraire bezuelt. Dat ass dat eent. Also kann hien och keen Honoraire a Russland weider ginn."

Doriwwer eraus géif een als Musée keng Entrée froen, fir Solidaritéit ze weisen. "Mee mir fuederen d'Visiteuren op an enger Spendekescht vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, déi an der Ausstellung steet, een Don ze hannerloossen. Quasi als Equivalent zu hirer Entrée."

Den MNHA-Direkter weist sech och oppe fir mat de Kritiker vun der Ausstellung an den Dialog ze trieden. D'ukrainesch Ambassade zu Bréissel hätt allerdéngs bis elo net op seng Ufroe reagéiert.

De Staatsmusée um Fëschmaart probéiert Muséeën an der Ukrain ze hëllefen fir Ausstellungs-Objeten virum Krich a Sécherheet ze bréngen. Et wier een zum Beispill am Gaang ze kucken, wéi een ukrainesche Muséeë Verpackungsmaterial kéint zu Verfügung stellen, esou de Michel Polfer. Ausserdeem géif och gekuckt gin, ob een Objeten hei am Land kéint a Sécherheet bréngen.

"Dat ass eng Pist, déi mer am Moment konkret verfollegen mat engem Musée zu Kiew. Allerdéngs ass fir eis kloer, datt esou eppes nëmmen ka passéieren, wann dat och dem Wëlle vun der ukrainescher Regierung entsprécht. An do waarde mer elo nach op ee Feedback, ob dat och esou ass."