Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ JRS: Leit déi Refugiéen ophuelen, sollte vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn

Gesellschaft

JRS: Leit déi Refugiéen ophuelen, sollte vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn

D'asbl JRS - d'Lëtzebuerger Antenn vun der internationaler ONG Jesuite Refugee Service - kritiséiert, datt Leit, déi Wunnraum fir ukrainesch Refugiéen zur Verfügung stellen, dofir keng finanziell Entschiedegung kréien. Dat seet d'Agnes Rausch, si war maassgeeblech un der Grënnung vun där Associatioun hei am Land bedeelegt.

auto_stories

2 min

Et géif net drëm goen, e Geschäft doraus ze maachen, mee wéinstens sollten d'Onkäschte gedeckt ginn.

"Et ginn awer och Leit, déi vläicht nach Wunnraum hunn, awer nët d'finanziell Mëttelen, fir op eng Kéier do d'Gasrechnung, d'Elektrescht, Telefon, d'Installatioun vum Internet ze bezuelen."

Well et jo eigentlech d'Aufgab vum Staat wier, fir fir d'Ënnerbréngung vun deene Leit opzekommen, wier et fir d'JRS "ganz normal", datt d'Méiglechkeet vun enger finanzieller Entschiedegung géif agefouert ginn.

D'asbl plädéiert dofir, eng speziell Struktur ze schafen, fir déi Refugiéen ënnerzebréngen, déi am Kader vun der Dublin-Prozedur zeréck an dat Land geschéckt ginn, an deem se hei an der EU ukomm sinn. Déi Plazen, wou déi Refugiéen am Moment logéiert ginn, géifen net deem entsprieche wat gebraucht gëtt, sou d'Agnes Rausch.

"Déi, déi d'SHUK scho gesinn hunn, dat ass eng grouss Hal, an do waren Zelter dran. Dat heescht vun Intimitéit ass do keng Spuer. A vu datt dat awer Leit sinn, déi zum groussen Deel traumatiséiert sinn, fir déi Leit bräicht een eng gewëss Intimitéit."

Zëmmere vun zwee, dräi oder véier Leit wieren der Agnes Rausch no eng besser Méiglechkeet fir de Besoine vun de Leit entgéint ze kommen.