Radioen

On air

Tockcity  |  DITTER - Way Too Cool For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Presidentiellen hunn "groussen Impakt op Lëtzebuerg"

Charel Goerens

Franséisch Presidentiellen hunn "groussen Impakt op Lëtzebuerg"

Fir den Europadeputéierte Charel Goerens hunn d'Fransousen am zweeten Tour vun de Presidentiellen d'Wiel tëscht "Kloerheet a Konfusioun". Den aktuelle President Emmanuel Macron hätt sech kloer fir d'Zesummenaarbecht mat deenen aneren EU-Staaten ausgeschwat, esou den DP-Politiker. Wann d'Marine Le Pen Presidentin géif ginn, wier dogéint net ofzegesinn, ob Frankräich iwwerhaapt an der EU bleift, mengt de Charel Goerens.

auto_stories

1 min

De Charel Goerens betount, grad fir Lëtzebuerg wier et besonnesch wichteg, datt keng "Konfusioun" an der EU entsteet. Eist Land wier nämlech "e Produkt vun der europäescher Unioun".

Bei deene groussen handelspoliteschen, aussepoliteschen, sécherheetspoliteschen oder och ekologeschen Defië wier Lëtzebuerg op d'Zesummenaarbecht mat deenen anere 26 EU-Memberstaaten ugewisen.

"Mir hu jo mat Frankräich enorm vill gemeinsam: Mir hu kulturell Gemeinsamkeeten, mir hu sproochlech Gemeinsamkeeten, mir hu politesch Gemeinsamkeeten. Mir sinn interesséiert, grad esou wéi Frankräich um Ausbau vun der europäescher Unioun a vum europäeschen Integratiounsprozess. Fir eis, als Lëtzebuerger, ass déi Wal déi elo a 14 Deeg stattfënnt méi wichteg, se huet méi e groussen Impakt, wéi déi nächst Chamberwalen, déi mir hei hunn."

De Charel Goerens wëllt den Emmanuel Macron an de nächsten zwou Wochen dofir aktiv a senger Walcampagne ënnerstëtzen.