Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marie-Josée Jacobs: Geldspenden am Moment am sënnvollsten

Caritas Lëtzebuerg

Marie-Josée Jacobs: Geldspenden am Moment am sënnvollsten

Mat sengem Appell vun e Freideg keng Flüchtlingen aus der Ukrain am grousse Stil méi op Lëtzebuerg ze bréngen, hat de Minister Jean Asselborn Recht, esou d'Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs am radio 100,7-Interview. Si huet erkläert, datt et Plazproblemer an de Flüchtlingsstrukture riskéieren ze ginn.

auto_stories

3 min

Wéinst Plazproblemer an de Strukturen hat den Immigratiounsminister Jean Asselborn e Freideg een Appell gemaach, keng Flüchtlingen aus der Ukrain am grousse Stil méi op Lëtzebuerg ze bréngen. D'Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg stëmmt dem Jean Asselborn do zou:

"Et hëlleft näischt, wann ongeuerdent d'Leit heihinner geholl ginn, wann een net weess wat duerno mat hinne ka geschéien. Eng Kéier ass et jo d'Logement, mee dono ass jo ze kucken, wat geschitt viru mat deene Leit. Besonnesch sinn et jo vill Frae mat hire Kanner, déi kommen. Da muss een och kucken, datt déi Kanner iergendwou dann eng Kéier an d'Schoul kënne goen."

Op der Sich no weidere Strukturen

Mat deem, wat bis elo do wier, géifen si et sécher net an déi nächst Wochen era packen, seet d'Marie-Josée Jacobs. Dowéinst wier e permanent op der Sich no neien, méi grousse Strukture, fir Flüchtlingen aus der Ukrain kënnen ze logéieren.

2.900 Leit aus der Ukrain hu schonn eng Demande gemaach, fir de Flüchtlingsstatut ze kréien, esou de Stand vu gëschter. D'Caritas-Presidentin geet dovun aus, datt eng 1.000 ukrainesch Flüchtlingen a Familljen hei am Land konnte logéiert ginn - déi mussen awer och betreit ginn, wéi d'Marie-Josée Jacobs erkläert:

"Dir musst Iech virstellen, datt déi Leit iwwerhaapt näischt hunn. Déi komme mat deem bësse wat si an hiren zwou Hänn hunn a wat si als Kleeder op sech hunn. Sou datt mer wierklech fir alles musse kucken. Dat ass bis elo och gaangen. Mee mir musse probéieren, datt dat a gereegelte Bunne geet, dann ass dat och alles machbar. Déi Leit sinn esou arem, méi arem huet zënter laanger Zäit kee méi Leit hei zu Lëtzebuerg gesinn."

D'Leit wëllen erëm heem goen

Anescht an dëser Flüchtlingskris wier, datt d'Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, géife soen, datt si an e puer Wochen erëm zréck an d'Ukrain wéilten, esou d'Marie-Josée Jacobs:

"Soss normalerweis hunn d'Leit da gesot, elo si mer mol frou, datt mir hei sinn an da kucke mer dat. Déi hei Leit, déi wëllen erëm heem goen, well se och zu engem groussen Deel hir Familljen dohanne gelooss hunn. Et sinn haaptsächlech Frae mat Kanner - d'Männer, déi mussen an de Krich goen, déi net wësse gesi mer eis nach eng Kéier erëm oder gesi mer eis net erëm. Et ass jo eng grouss Trauer domat verbonnen. Eeler Leit, déi net kënne mat goen, déi net wëssen, ob si hir Leit erëm gesinn."

Déi Hëllef, déi de Moment am meescht Sënn géif maachen, wieren Donen, huet d'Marie-Josée Jacobs ënnerstrach. D'Spendebereetschaft wier esou grouss wéi nach ni. Bestätegt huet si awer och, datt d'Flüchtlingen hir ukrainesch Suen och hei am Land net gewiesselt kréien.