Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz héijen Zënsen: Kee Réckgang bei energetesche Sanéierungen

Subsiden

Trotz héijen Zënsen: Kee Réckgang bei energetesche Sanéierungen

Trotz de méi héijen Zënsen loossen weiderhi vill Leit hir Haiser energetesch sanéieren. Dat sot de Steve Weyland vum Ordre des Architectes am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

De Steve Weyland begleet als Architekt energetesch Sanéierunge vun Haiser

Den Trend bei Sanéierunge wier deemno en anere wéi bei Neibauten: Wärend manner nei Haiser gebaut ginn, wier bei Ëmstellunge vu méi alen Haiser bis elo kee Réckgang ze spieren.

De Steve Weyland féiert dat drop zeréck, datt d'Leit déi sanéieren, schonn en Haus hunn, dat se opwäerten. Den Investissement ass deemno manner grouss.

Et misst een allerdéngs deelweis laang waarden, bis dat néidegt Material fir eng Sanéierung geliwwert gëtt, seet de Steve Weyland.

"An ech mengen datt de Ministère do och relativ gutt drop reagéiert huet, a gesot huet: Fir all déi Mesuren déi dëst Joer geplangt gi, gëllen déi zousätzlech Subventiounen, déi elo a Kraaft trieden - och wann d'Mesuren dëst Joer net ausgefouert ginn. Mee wann se dëst Joer mat der Entreprise ofgeschloss ginn, da kënnen d'Leit dovu profitéieren."

Dëst Joer gëllen zum Beispill méi héich Subventioune fir Solaranlagen, Wäermepompelen, an méi effikass Isolatiounen.