Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Hayes - (They Long to Be) Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thomas Dentzer: 5.000 bis 7.000 Corona-Neiinfektioune si méiglech

Invité vum Dag

Thomas Dentzer: 5.000 bis 7.000 Corona-Neiinfektioune si méiglech

An den nächste puer Deeg muss mat weidere Rekordzuele bei den Neiinfektioune gerechent ginn, sou den Thomas Dentzer vun der Santé. De Virolog féiert déi héich Zuelen op d'Verbreede vun der méi ustiechender Omikron-Variant zréck. D'Erfarungen aus anere Länner hätte gewisen datt d'Omikron-Well véier bis sechs Woche kéint daueren. Lëtzebuerg wier eréischt um Ufank vun der Well, esou den Thomas Dentzer.

auto_stories

2 min

Den Taux de positivité hei am Land wier am Moment immens héich an den Thomas Dentzer rechent och domat, datt dat an den nächste Wochen esou viru geet. Hie geet souguer dovun aus, datt de Rekord vun Infektiounen nach e puer mol wäert gebrach ginn. 5.000 bis 7.000 nei Fäll pro Dag wiere quasi inevitabel.

Dat eenzegt wat een elo maache kéint, wier d'Well sou laang wéi méiglech erauszezögeren, dat heescht: Ganz vill Impfen, Boosterimpfunge maachen, d'Kontakter beschränken, fir datt d'Leit manner krank ginn an datt der och manner an d'Klinicke kommen, sou de Virolog.

Isolatiounsdauer gëtt warscheinlech nach net demnächst erofgesat

An dem Fall misst een dann driwwer nodenken och hei am Land d'Isolatiounsdauer fir Infizéierter erofzesetzen. Den aktuellsten Etuden no géif d'Omikron-Variant vill méi séier ustiechen an d'Inkubatiounszäit wier bei Omikron och ron véier Deeg méi séier. Et kéint ee sech also méiglecherweis op fënnef Deeg Isolatiounsdauer eenegen, sou den Thomas Dentzer.

"Als Virolog geschwat: Wann et elo hei kee groussen Impakt huet, datt d'Leit weider zéng Deeg a Quarantän bleiwen, dann ass dat sécher besser. An et muss een och dobäi soen: Mir hunn déi Leit déi geimpft sinn iwwer déi lescht Méint souwisou prinzipiell net a Quarantän gesat. Dat sinn dann Ännerungen, déi mir schonn hunn, an aner Länner nach net."

Den Thomas Dentzer mengt dofir et wier net dovun auszegoen, datt d'Isolatiounsdauer hei am Land scho bannent de nächsten Deeg wäert erofgesat ginn. Dat wier eréischt eng Optioun, wann esou vill Leit infizéiert wieren, datt de Fonctionement vun der Gesellschaft a Fro gestallt gëtt.